
© Franky Hippert / RTL Sport
Och wann et net déi beschte Leeschtung vum Lëtzebuerger Bouschéisser ass, esou konnt hie sech awer géint säin Tscheche Géigner duerchsetzen.
Dëschtennis
Am 1. Tour verléiert d’Ni Xia Lian mam Luca Mladenovic am Dëschtennis mat 0-3 géint d’slowakesch Koppel Pistej-Balazova. Domadder ass et fir den Lëtzebuerger Duo schonn eriwwer.
Am Dëschtennis waren nach déi zwou Lëtzebuerger Dammen vertrueden. Am drëtten Tour huet d'Sarah de Nutte et um 3 Auer mat der Däitsch-Chinesin Ying Han ze dinn, Selwermedaillegewënnerin op de leschten Olympesche Spiller zu Rio par Equipe ze dinn kritt. Hei hat d'Lëtzebuergerin wéineg Chance an huet sech mat 0:4 misste geschloe ginn.
An d'Ni Xia Lian huet um 13 Auer géint d'Amelie Solja aus Éisträich gespillt. D‘Ni Xia Lian wënnt am Dëschtennis am Eenzel am 3. Tour mat 4-1 géint d‘Spillerin aus Éisträich. Just deen 2. Saz huet d‘COSL-Sportlerin mat 11-13 missen ofginn. Déi aner goufe kloer op mat 11-1, 11-1, 11-6 an 11-4 gewonnen. E Méindeg ass dann déi 4. Ronn.
Trappschéissen

© Frank Elsen
Am Trappschéissen ass et um Sonndeg de Moien an der 4. Serie net gutt gelaf fir de Lyndon Sosa. De Lëtzebuerger huet just 22 vun 25 Dauwe getraff a fält vun der 7. op déi 11. Plaz zeréck. Déi 6. éischt kommen an d‘Finall. D’Plaz 5 an 11 ass awer just duerch eng Dauf getrennt. Déi lescht Serie ass um Sonndeg de Mëtteg.
Judo

© Rich Simon
Am Judo huet de Claudio Nunes Dos Santos op de European Games zu Minsk an der Klass bis 73 Kilo am éischten Tour géint ee Judoka aus Slowenien verluer.

© Rich Simon
Cyclissem
Bei der Course en Ligne bei den Hären iwwer 180 Kilometer waren um Sonndeg 5 Lëtzebuerger am Asaz. A virun allem een huet sech gewisen, de Jan Petelin huet nämlech direkt nom Depart attackéiert. Den Déifferdenger huet sech mam Slovak Cully an dem Wäissruss Samoilau eng Avance vun knapp 6 Minutten erausgefuer. 33 Kilometer virun der Arrivée ass den Trio op dem schwéiere Circuit zu Minsk erëm agefaangen ginn. Um Enn huet sech mam Davide Ballerini, ee vun den eenzege bekannte Profien um Depart, duerchgesat. Den 24 Joer alen Italiener, dee bei Astana seng Suen verdéngt, gewënnt virum Est Jakin an dem Éisträicher Auer. 57 Sekonnen méi spéit kommen de Pit Leyder als 36. an de Colin Heiderscheid als 41. un. Den Tiago Da Silva gëtt den 102., den Jan Petelin den 105. an de Mich Leyder den 115.
Bouschéissen
En huet assuréiert. Och wann de Gilles Seywert an den Aachtelsfinallen net säi bescht Schéissen am Compound gewisen huet, esou konnt sech de Bouschéisser awer mat 144 op 141 géint den Tschech Martin Vanek duerchsetzen. Fir de Gilles Seywert geet et en Donneschdeg géint de Russ Anton Bulaev an der Véierelsfinall weider.