
© Rich Simon
An den 32tels-Finallen huet am Famillenduell de Joé Klein de Pit geschloen.
Den 19 Joer alen Tireur konnt sech um Enn mat 6:2 géint säin 3 Joer méi ale Cousin duerchsetzen.
Am zweeten Tour vun der Finalronn huet dunn den Dan Olaru gewaart. Géint de Moldawier, Nummer 16 op der Welt, hat de Joé Klein dunn awer keng Chance.
Och de Jeff Henckels hat et an d'16tels-Finalle gepackt. D’Lëtzebuerger Nummer 1 huet e Méindeg am éischte Match ganz knapp am Shootout mat 6:5 géint de Belsch Jarno de Smedt gewonnen.
Am nächsten Tour war dunn awer Schluss fir den 34 Joer ale Routinier. De Jeff Henckels verléiert mat 2:6 géint den Hollänner Sjef Van den Berg, d’Nummer 7 op der Welt.