D'Lëtzebuerger Dëschtennis-Spillerin konnt sech an der Véierelsfinall vun den Europaspiller kloer mat 4:1 géint d'Linda Bergström duerchsetzen.
Duerch dës Victoire steet d'Ni Xia Lian elo an der Halleffinall zu Minsk. Si huet der Schwedin, déi an der Weltranglëscht op der Plaz 78 steet, kaum eng Chance gelooss. D'Bergström hat u sech just am 4. Saz eppes entgéintzesetzen an dëse konnt si dunn och fir sech entscheeden.
D'Lëtzebuerger Nummer 1 gewënnt um Enn mat 11:8, 11:7, 11:9, 5:11 an 11:9 a steet elo an der Ronn vun de beschte 4 an huet deemno gutt Chancen op eng Medail. An der Halleffinall kritt d'Lëtzebuergerin et elo mam Fu Yu aus Portugal ze dinn. Géif d'Lëtzebuergerin eng Medail bei den Europaspiller kréien, wier si automatesch fir d'olympesch Spiller zu Tokio am Joer 2020 qualifizéiert.
D'Halleffinall gëtt e Mëttwoch de Moien um 9 Auer gespillt an dës kënnt Dir och live suivéieren op RTL.lu.
Cyclissem
Fir d'Christine Majerus sinn d'European Games mat enger Enttäuschung op een Enn gaangen.
Am Contre-la-Montre koum d'Lëtzebuerger Championne just op déi 25. Plaz. D'Lëtzebuerger Championne hat op der Halschent vun der Course nämlech e Platten an huet de Vëlo musse wiesselen.
Ronn d'Halschent vun den 28 Kilometer huet d'Christine Majerus mussen um normale Stroossevëlo fueren. D'Claire Faber koum op déi 27. Plaz.
D'Goldmedail ass un d'Marlen Reusser aus der Schwäiz gaangen. Sëlwer war fir d'Hollännerin Chantal Blaak a Bronze fir d'Brittin Hyley Simmonds.
Badminton
De 34 Joer ale Sportzaldot huet sech mat 0:2 (15:21, 18:21) géint den Azmy Qowimuramadhoni aus dem Aserbaidschan misse geschloe ginn.
Schonns e Méindeg hat de Lëtzebuerger säin éischte Gruppematch verluer, dat géint de Russ Vladimir Malkov.