Gréiwemaacher
250 CGDIS-Membere krute "Gielercher", véier Leit goufe fir Zivilcourage geéiert

De Carlos Sampaio dos Santos hat enger Persoun gehollef, déi mat engem Messer attackéiert ginn ass.
De Beruffspompjee Mike Dickes huet e Kand gerett, datt wéinst engem Feier an engem Haus op den Daach geflücht war. An den Helder Azevedo Magalhaes an de Sacha Waringo hunn eng blesséiert Automobilistin aus engem Auto gezunn, deen no engem Accident Feier gefaangen hat.
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Ëm Nationalfeierdag ass et ëmmer d'Zäit vun de "Gielercher". Zu Maacher goufe viru ronn 250 Membere vum CGDIS an a Presenz vum Ressortminister Léon Gloden nieft de klassesche Medaile fir laang Joren am Déngscht vun de Rettungsdéngschter och véier Männer fir hiren Zivilcourage geéiert.
Am meeschte gelies