Bettseechesch, Granzert, Rollefax, Éierewäin, Ratsch ...

Op Nationalfeierdag an der Emissioun "Wuert fir Wuert": de Sproochmates Alain Atten am Studio vun RTL. / © Patrick Greis
Op Nationalfeierdag tëscht 13 a 14 Auer konnt Dir dem Sproochmates nees e Lach an de Bauch froen ...
... fir gewuer ze ginn, wat e Wuert bedeit oder wou et hierkënnt.
An der Emissioun "Wuert fir Wuert" huet den Alain Atten erëm Wierder, déi d'Nolauschterer an d'Nolauschterinnen him (um Telefon oder per E-Mail) zougeheit hunn, analyséiert.
Wou kommen zum Beispill Bettseechesch, Granzert, Rollefax, Éierewäin, Ratsch, Lidderhanes, Mëtsch, Séit, Kanelli oder al Trutsch hier a wat bedeiten dës Wierder?
Esou vill sief gesot, eise Sproochmates ass kengem eng schëlleg bliwwen.