Andréck vun der traditioneller Militärparad, déi e Méindeg de Mëtteg d'Leit an der Stad an doheem virum Ecran begeeschtert huet.

D'Wieder war quasi perfekt: Net ze waarm, wéi een et déi Deeg virdrun nach gefaart hat, a weeder Stuerm nach Reen, och wa ganz vereenzelt e puer Drëpse gefall sinn.

No der ziviller Zeremonie an der Philharmonie war d'Militärparad an der Neier Avenue deen zweete grousse Rendez-vous um Nationalfeierdag – méi spéit am Nomëtteg war et dann nach den Te Deum an der Kathedral.

D'Parad op Nationalfeierdag 2025
Bei guddem Wieder war an der Neier Avenue op der Gare déi traditionell Militärparad.

Géint Mëtteg huet d'Parad ugefaangen, nodeems d'Gäscht vum Kierchbierg ukomm waren: Am Ganzen hunn eng dausend Leit matgewierkt, ausserdeem eng 50 Gefierer an 32 Hënn. Net ze vergiessen dee spektakuläre Survol vun zwee Militärfligeren an niddereger Héicht.

Den Deminage-Service huet eng dynamesch Demonstratioun vu senge Fäegkeete gemaach a gewisen, wéi een aus der Distanz eng Granat kann entschäerfen.

Et war déi lescht Parad, déi de Grand-Duc Henri als Staatschef ofgeholl huet.

No der Arméi war et un der Police, der Douane an dem CGDIS, fir an der Neier Avenue ze defiléieren. An d'UGDA war mat engen 200 Museker vun 9 Fanfaren aus dem Clierfer Kanton derbäi.

No der Parad huet d'Militär dunn nach op d'Arméifest op der Place de Metz invitéiert, fir ze weisen, wéi den Alldag als Zaldot ausgesäit.