"Symbolkraaft op déi beschtméiglech Aart a Weis ausgenotzt"
A senger Priedegt huet den Äerzbëschof Hollerich ganz léif Wierder fir de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse fonnt.
Zanter enger Rei Joren ass den Te Deum jo deen drëtte grousse Rendez-vous op Nationalfeierdag. Well et dem Grand-Duc Henri säi leschten 23. Juni als Staatschef war, war och den Te Deum – wéi virdrun ewell d'zivil Feier an der Philharmonie an dono d'Parad an der neier Avenue – ganz speziell. Et war eng Zort au revoir ...
Nom Wilhelmus an der Begréissung duerch de Kardinol Hollerich gouf et de Prélude plurireligieux mat Gebieter vum Grand Rabbin de Luxembourg, Alain Nacache, vum Chef de culte musulman du Luxembourg, Hafiz Hilmija ef. Redžić, an dem Révérend Geoff Read, chapelain de l'Église anglicane à Luxembourg.
Eng formidabel Zensur vum Kardinol
Mat Spannung gouf dono op d'Priedegt vum Äerzbëschof gewaart: Wéi géif hien deen annoncéierte Wiessel un der Spëtzt vum Staat kommentéieren?
"No 25 Joer muss ee soen, Dir hutt déi Symbolkraaft vun deem Amt op déi beschtméiglech Aart a Weis ausgenotzt", sot de Kardinol Hollerich un de Grand-Duc geriicht. A weider: "Dir sidd e Mann mat engem staarke Gewëssen. E Mann vu Finess, vun Delikatess. An e Mann mat groussem Verantwortungsgefill." Domat hätt hien et sech net ëmmer einfach gemaach, mee: "Äert Flichtbewosstsinn huet Iech ëmmer weiderbruecht."

De Grand-Duc Henri hätt ëmmer am Déngscht vum Land a vun de Leit gestanen a "wa mer eng aner Staatsform hätten, do géife mer ganz vill verléieren", esou de Kardinol, dee vun engem "ongeheieren Déngscht" geschwat huet an dofir Merci sot.
Hien huet den Engagement vun der groussherzoglecher Koppel gewierdegt: Eng Gesellschaft wier nëmme grouss a staark an ziviliséiert, wa jiddweree geuecht a geéiert gëtt.
Rendez-vous de 5. Oktober
D'Stécker fir de musikalesche Kader vum Te Deum ware ganz bewosst erausgesicht ginn an hunn d'Feierlechkeet vum Moment nach ënnerstrach:
- For the Fallen vun der kanadescher Komponistin Eleanor Daley op en Text vum Laurence Binyon (1914)
- Praise to the King, the Lord of all we see, Arr.: Antony Baldwin (*1957); op d’Melodie vun "Highland Cathedral", engem Liblingsstéck vum Grand-Duc – de Chouer huet him dat extra gesongen. Et war och mat Duddelsak beim Begriefnes vum Grand-Duc Jean gespillt ginn ...
- Domine salvum fac, Fernand Mertens (1872-1957)
- Sonnerie Nationale, Fernand Mertens (1872-1957)
- Te Deum laudamus (gregorianesch Hymn)
- In te Domine speravi, Jos Kinzé (1918-2003)
An zum Ofschloss natierlech Ons Heemecht, Jean-Antoine Zinnen (1827-1898), an nach d'Sonat Nr. 2 vum Felix Mendelssohn-Bartholdy (1809-1847).
Da war et och ewell d'Info an eiser Live-Iwwerdroung mat Kommentarer vum Christiane Kremer a Georges Hellinghausen, datt fir den Trounwiessel sonndes, de 5. Oktober eng Mass mat integréiertem Te Deum an der Kathedral gefeiert gëtt.
