Wéi geet et elo weider?
Nom Doud vum Poopst Franziskus ginn am Vatikan verschidde Mechanismen declenchéiert, déi en genauen Oflaf fir déi nächst Woche virginn.
Vill Gleeweger huet d'Nouvelle an der Mass um Ouschterméindeg erreecht - plëtzlech, mee natierlech war sech ze denken, datt de Poopst geschwënn kéint stierwen.
Op RTL.lu - Vatikan deelt mat: De Poopst François ass dout
Dorop war sech ewell viru Wochen preparéiert ginn an awer ass et natierlech e Schock, wann e Mënsch geet, dee sech um Sonndeg op Ouschteren nach un d'Gleeweg um Péitersdoum adresséiert huet an och de Seegen nach selwer ginn huet, de Poopst, dee sech Zäit senges Liewens fir déi Aarm a fir d'Ëmwelt agesat huet, huet selwer decidéiert, wéi hien d'Welt wéilt verloossen - als Jorge Mario Bergoglio ass de Geeschtlechen aus Argentinien an de Vatikan koum - vum Ament u wéi hien de Chef vun der kathoulescher Kierch gouf, wousst hien, datt hien do géif stierwen.
Jesuit stoung fir d'Einfachheet
De Pomp an d'Zeremoniellt war dem Jesuit Franziskus zu Widder - genee wéi den hellege François stoung hie fir d'Einfachheet an, fir eng einfach Kierch ouni Allüren, mee villméi no um Message, dee Jesus a seng Communautéit geléiert hunn.
Sou gëtt de Poopst dann och net wéi seng Virgänger am Vatikan an de Grotten ënnert dem Péitersdoum bäigesat, mee an der Santa Maria Maggiore Kiirch a Roum selwer - seng Doudelued gëtt net méi an der Héicht op engem Katafalk opgeboort, mee d'Lues aus einfachem Holz soll um Buedem stoen.

Doudemass a Begriefnes Enn der Woch
E Samschdeg wäert dann d'Doudemass an d'Begriefnes vum Poopst sinn, woufir sech natierlech Staatscheffen aus der ganzer Welt an der Stad um Tiber erwaart ginn. De Franziskus ass dann deen éischten Poopst zanter iwwer 100 Joer, dee baussent de Maueren vum Vatikan begruewe gëtt.
Sedisvakanz
Lo fänkt dann d'Sedisvakanz un - d'Zäit also, wou den Hellege Stull net besat ass.
Genee um Dag vum Sonndeg u gëtt d'Weltkierch duerch de Collège vun den 250 Kardineel geleet - natierlech nëmmen de facto, well de Chef vun deem Gremium ass aktuell den Giovanni Battista Re - a grouss Decisioune ginn an der Sedisvakanz keng geholl.
Konklav net nächst Woch
Am Konklav gëtt dann an der Sixtinescher Kapell wärend enge véier Wal-Defiléen den Dag deen neie Poopst bestëmmt - dee Konklav kéint ewell nächst Woch beienee kommen - ee Gremium, wou mam Kardinol Jean-Claude Hollerich jo och e Lëtzebuerger ënnert de ronn 130 stëmmberechtegten Kardineel vertrueden ass - allgemeng gëtt gemengt, datt e Konklav kéint laang daueren. Deem ass awer net sou: Déi lescht Konklav-Reunioune waren ewell no zwee Deeg eriwwer an en neie Poopst domat designéiert. Dat ass den Ament vum wäissen Damp an dem Habemus Papam.
Déi Konklav wäert awer net an den nächsten Deeg ofgehale ginn. Dem Kiercherecht no dierf et fréistens 15 a spéitstens 20 Deeg nom Doudesdag lassgoen, an dësem Fall tëscht dem 6. an 11. Mee. Aktuell ginn et 252 Kardineel weltwäit, vun deenen der manner wéi 140 berechtegt sinn. um streng geheime Konklav an der sixtinescher Kapell deelzehuelen. Fir d’Poopstwiel gëllt nämlech eng Alterslimitt vun 80 Joer.
Wéi leeft d'Konklav of?
Konkret schreift bei der Poopstwiel all Kardinol den Numm vu sengem Favorit op e Stëmmziedel. Um éischten Dag gëtt et ee Waltour, duerno all Kéiers véier pro Dag. Ee Kandidat brauch zwee Drëttel vun de Stëmmen, fir gewielt ze ginn. No all Tour falen déi manner beléift Kandidaten ewech an all d'Walziedele gi verbrannt. Den Damp, deen dobäi entsteet, verréit d’Resultat. Schwanz bedeit "nach keen neie Poopst". Wäissen Damp heescht, en neie Poopst gouf gewielt. Wann deejéinegen d’Wal unhëlt, dierf e selwer säi Poopstnumm eraussichen gëtt da mat de Wierder "Habemus Papam" ëffentlech um Balcon vum Péitersdoum als neie Poopst presentéiert.
Ee Pontifex, dee fir Mënschlechkeet a Reformen astoung
Reformen jo - mee och Kontroversen, well de Poopst a villen Chantieren net sou séier weiderkoum, wéi hien et wollt, wéi hien 2013 gewielt gouf. Ze vill laxistesch och an de Reformen an awer méi een Traditionalist, wéi een dat hätt kéinte mengen.
Mee an eppes war den argentineschen Jesuit sech ëmmer konsequent: Hie wollt, datt d'Kierch un d'Borden vun der Gesellschaft geet, bei déi Aarm an Ausgestoussen - duerfir och d'Symbolik, datt de Poopst och nach op Gréngen Donnescheg an engem Prisong zu Roum war, sou wéi och iwwregens de Kardinol Hollerich um Sonndeg de Moien zu Schraasseg.
Ee Message un den Nofollger
De Poopst hannerléisst also nieft der Symbolik vu sengem Doud um wichtegsten Feierdag vun de Katholicken och e Message u säin Successeur:
D'Kierch soll sech net a Muechtstrukture verfänken oder blann nëmmen de Suen nolafen, mee datt de Chef vun där Kierch soll en Hiert an e Missionar ouni Pretentiounen sinn - e "Fëscher vu Mënschen", dee sech op engem Troun ophält, mee bei d'Leit geet, an hir Suergen Eescht hëlt an natierlech fir Gerechtegkeet a Fridden asteet - datt de Poopst stierft, an d'Welt op ville Plazen a Flame steet, soll eng Opfuederung sinn un deen, deen den hellege Stull no him iwwerhëlt - an do huet hie mat der Nominatioun vu ganze ville Kardineel aus südamerikaneschen, afrikaneschen an asiateschen Länner seng Jalonen gesat.
De Franziskus wollt eng aarm Kierch fir déi Aarm.
Eleng dat ass schonn Optrag genuch fir säi Successeur, dee wéi gesot lo am Konklav gewielt gëtt.