Poopst François am Péitersdoum opgeboort, déi Gleeweg soen Äddi
D'Läich vum Poopst François ass e Mëttwoch aus der Kapell vun der Residenz Santa Marta an de Péitersdoum bruecht ginn.
Déi nächst dräi Deeg kënnen déi Gleeweg dem Poopst François am Péitersdoum eng leschte Kéier Äddi soen. De Sarg mam Pontifex war e Mëttwoch de Moien an enger Pressessioun vu senger Residenz Santa Marta iwwer d'Péitersplaz an de Péitersdoum bruecht an do opgeboort ginn.
Begleet gouf d'Doudelued vun enger Partie Kardineel, dorënner och de Lëtzebuerger Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich. No der Zeremonie hunn d'Spectateure sech déif beweegt gewisen.
"I cry, because my sons name is Francesco. I called my son Francesco, because I really liked this pope very much."
"Das ist unvergesslich, also so etwas haben wir ja noch nie erlebt und werden wir wahrscheinlich auch nie mehr erleben und ich bin noch ganz platt."
"I just have no words, it was a very beautiful celebration, very emotional and it was very peaceful. He did everything that he was supposed to do and I'm very happy to be here."
Mam Laude vun der gréisster Klack vum Vatikan huet e Mëttwoch de Moien um 9 Auer d'Zeremonie offiziell ugefaangen. Wann d'Péitersplaz och nach laang net voll war, waren awer e puer Dausend Leit beieneekomm, fir dem Poopst François dat leschte Geleet ze ginn. Am fréien Nomëtteg war den Interessi awer scho ganz grouss an d'Leit hu vill Gedold musse matbréngen.
Am Virfeld vun der Prozessioun war de Poopst abalsaméiert ginn. D'Verfaren ëmfaasst eng Injektioun vun enger Konservéierungsflëssegkeet an de Kreeslafsystem an eng Schéinheetsbehandlung vum Gesiicht an den Hänn. Duerch d'Traitement verleeft den natierleche Prozess vun der Verwesung méi lues. E Freideg gëtt de Sarg zougemaach. Bis dohinner gi sech zéngdausende Leit erwaart. De Péitersdoum ass déi nächst Deeg dann och méi laang op.
Wie kënnt alles op d'Begriefnes?
E Samschde vun 10 Auer un ass d'Trauerfeier op der Péitersplaz. Vill Staatsgäscht aus der ganzer Welt wäerten dorunner deelhuelen, wéi d'Presidenten Donald Trump a Wolodymyr Selenskyj, d'EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen an den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres. Och de franséische President Emmanuel Macron an den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier wäerten do sinn. Vu Lëtzebuerger Säit sinn et de Premier Luc Frieden an déi groussherzoglech Koppel.

© ANDREW MEDICHINI POOLAFP
De russesch President Wladimir Putin kënnt net. Géint hie gëllt nämlech zanter zwee Joer e Mandat d'arrêt vum internationale Geriichtshaff.
De Poopst François gëtt iwwerdeems net am Vatikan, mee an der Basilika Santa Maria Maggiore zu Roum begruewen. Hei hu scho siwen aner Peepst virun him déi lescht Rou fonnt. Hien huet och dorobber gehalen, datt en ee ganz einfacht Graf kritt, wou just säi Poopstnumm op laténgesch drop steet. D'Graf gëtt iwwregens vun engem onbekannte Spender bezuelt. Wéi den Transport vun der Péitersplaz bei d'Santa Maria Maggiore oflafe wäert, ass nach net genee bekannt.
De Jean-Claude Hollerich, Lëtzebuerger Kardinol:
"Fréier ass ee Katafalk gemaach ginn, dat kënnt natierlech aus Zäiten, wou dat och op den Häff esou gemaach ginn ass. An de Poopst huet sech gewënscht, datt hie wéi ee Jünger Christi begruewe gëtt, als ee Member vun der Kierch an net wéi ee Kierchefürst. Dat heescht, d'Begriefnis, dat passt bei säi Liewen, sou wéi et gemaach gëtt."
Nom Begriefnes kënnt d'Konklav
Ugangs Mee fänkt dann d'Konklav un, wou en neie Poopst gewielt gëtt. Et ass virgeschriwwen, datt d'Konklav fréistens 15 a spéitstens 20 Deeg nom Dout vum Poopst muss sinn. Dat Ganzt dauert dann esou laang, bis ee Successeur gewielt ass. Vun den 252 Kardineel sinn der 135 méi jonk wéi 80 Joer an duerfen dowéinst bei der Konklav dobäi sinn. Vun deenen 135 hu sech der awer zwee ofgemellt, well se krank sinn.
Den neie Poopst braucht eng Zwee-Drëttel-Majoritéit, bei 133 Kardineel läit déi bei 89 Stëmmen. Ee grousse Favorit gëtt et net. Leit, déi sech e bëssi hannert de Kulissen auskennen, wëssen, datt et ee grousst konservatiivt an ee grousst progressiivt Lager gëtt, déi allebéid probéieren, hire Favorit gutt ze placéieren.
De Jean-Paul Muller, Generalökonom vun der Kongregatioun Salesinaner Don Bosco:
"Jo, dat kann ech mer virstellen, well dat si jo awer de facto alles nëmme Männer a mir Männer hunn dat esou bëssi un eis, datt jidderee probéiert seng Iddien a seng Saachen duerchzedrécken, seng Vue vun der Welt a sou virun. Ech hu rezent eng Zeil vum Kardinol vu Wien, dee pensionéiert ass, gelies. Et gëtt dee Mann net, dee ka Poopst maachen, jiddereen, dee gewielt ass, muss léiere Poopst ze sinn."
Dowéinst kann et gutt sinn, datt deen neie Poopst ee Kompromësskandidat gëtt. Datt de Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich dat kéint sinn, ass zwar net ausgeschloss, mee awer net extreem warscheinlech. Ma dat muss awer kee schlecht Zeeche sinn, well en alt Spréchwuert seet: "Wien als Poopst an d'Konklav geet, dee kënnt als Kardinol rëm eraus." Also mol ofwaarden.