Am RTL-Interview: De Jean-Claude Hollerich gesäit sech net als nächste Poopst
De Poopst François hannerléisst e grousst Lach, d'Kierch virun him an d'Kierch no him, dat wier e groussen Ënnerscheed.
Dat sot de Kardinol Jean-Claude Hollerich am RTL-Interview, als Reaktioun op den Doud vum Poopst François.
Op RTL.lu - Vatikan deelt mat De Poopst François ass dout
De Kardinol huet am Prisong zu Schraasseg eng Mass gehalen, dofir huet d'Noriicht vu Roum hie méi spéit erreecht.
"Well de Poopst Franziskus ass fir mech awer e bësse bal wéi e Papp. En ass ee Joer méi al wéi meng Mamm. En huet ëmmer mir géigeniwwer eng grouss Guttheet gewisen. An dat huet mech beandrockt bei him, well déi Guttheet, déi hat e fir all Mënsch"
De Kardinal Hollerich sot, hien hätt de Poopst virun 10 Deeg besicht an do wier hie ganz schwaach gewiescht.
Och um Sonndeg hätt hie sech Suerge gemaach, wéi hien de Pontifex op der Télé gesinn hätt, sou den Äerzbëschof.
"An ech geduecht, oh do ass een, deen huet sech géint d'Dokteren duerchgesat, well en onbedéngt seng Aufgab erfëlle wëll, well en onbedéngt méi no bei de Leit wëll sinn."
Um Méindeg den Owend flitt de Kardinol Hollerich op Roum.
Um Dënschdeg de Moie gëtt hie gewuer, wéi et weider geet mat den Trauerfestivitéiten. De Kardinol wäert zu Roum bleiwen, bis d'Konklave eriwwer ass
D'Fro, op hie selwer als nächste Poopst a Fro kéim, beäntwert de Jean-Claude Hollerich mat engem klore "Nee". Do hätt hien net vill Chancen an do wieren och anerer besser qualifizéiert fir déi Roll.
Op den nächste Poopst kéimen eng Rei Defien duer, och Erausfuerderunge bannent der kathoulescher Kierch selwer, d'Kierch misst weisen, datt se sech geännert huet, sou nach de Jean-Claude Hollerich.
Wéinst dem Doud vum Pontifex hunn um 18 Auer zu Lëtzebuerg d'Klacke gelaut.