Nom Doud vum Poopst Franziskus gëtt am Virfeld vum Konklav vill iwwer säin Nofollger spekuléiert. Och de Lëtzebuerger Kardinol gëtt ëmmer nees genannt.

Firwat gëtt och de Jean-Claude Hollerich dacks genannt?
 
Hien ass Member vum Kardinalsrot, engem klengen a wichtege Gremium, dat de Poopst Franziskus bei kierchleche Grondsaz-Entscheedunge beroden huet. Als Jesuit gëllt de Lëtzebuerger als oppe fir Reforme mat enger oppener Haltung a sozialen an ethesche Froen.
 
CNN huet hien an engem Artikel vum 22. Abrëll als ee vun de féierende Kandidaten ("frontrunners") beschriwwen. Do gëtt ervirgehuewen, wéi hie versicht, d’Kierch méi no un d’Mënschen ze bréngen.
 
"Die Welt" huet hien och an enger Lëscht vun den "papabili" opgeholl. ("Papabili" ass e Kierchenterm fir déi Kardineel, déi realistesch Chancen hunn, Chef vun der kathoulescher Kierch ze ginn.)
 
Seng eege Reaktioun op dës Spekulatiounen
 
An engem Interview mat RTL huet de Jean-Claude Hollerich déi Spekulatiounen zeréckgewisen. Hien huet gesot, datt hie sech net als nächste Poopst gesäit an datt aner Leit besser qualifizéiert wiere fir déi Roll. Hien huet an deem Interview och de Verloscht vum Poopst Franziskus als e perséinleche Schock beschriwwen, well de Poopst fir hie wéi e Papp war.