D'Wiel vum neie Poopst fänkt de 7. Mee un

© AFP/Archiv/Mandel NGAN
Doriwwer si sech d'Kardineel zu Roum eens ginn, wéi de Vatikan-Spriecher Matteo Bruni e Méindeg an der Mëttesstonn matgedeelt huet.
Insgesamt 135 walberechtegt Kardineel wäerte bei enger geheimer Ofstëmmung den Nofollger vum Poopst Franziskus bestëmmen, deen op Ouschterméindeg am Alter vun 88 Joer gestuerwe war. D'Trauerzäit, déi offiziell 9 Deeg laang dauert, geet nach bis de 4. Mee. D'Sixtinesch Kapell, an där d'Wiel wäert ofgehale ginn, ass e Méindeg fir Visiteuren zougemaach ginn.
D'Konklav, wéi d'Wiel vum Poopst genannt gëtt, ka sech iwwer Deeg zéien. Déi kierzt war bis ewell d'Wiel vum Pius XII 1939, déi 20 Stonne gedauert hat.
Un der Trauerfeier vum verstuerwene Poopst Franziskus haten e Samschdeg iwwer 400.000 deelgeholl, dorënner 224 Kardineel, 750 Bëscheef a Representanten aus iwwer 150 Länner.
Méi zur Trauerfeier fannt Dir an eisem Artikel.
Fannt hei all d'Artikele ronderëm den Doud vum Poopst Franziskus am Iwwerbléck.