Bei schéinem Fréijoerswieder hu virum Péitersdoum iwwer 400.000 Leit dem Hellege Papp "Äddi" gesot.

De Resumé vum Begriefnis vum Poopst François
Bei stralendem Fréijoerswieder hu virum Péitersdoum iwwer 400.000 Leit dem Hellege Papp "Äddi" gesot. E Reportage vum Monique Kater.

Den Zoulaf war grouss virum Péitersdoum. Ënner strenge Sécherheetsmesuren hate sech iwwer 400.000* Leit afonnt, fir bei der Doudemass fir de verstuerwene Poopst François dobäi ze sinn. Der Police no waren et eleng op der Péitersplaz ronn 50.000 Leit. Nieft 224 Kardineel a 750 Bëscheef hunn Delegatiounen a Representanten aus méi wéi 150 Länner un den Trauerfeierlechkeeten deelgeholl, dorënner déi groussherzoglech Koppel an de Premier Luc Frieden.

Nodeems déi international Notabilitéiten dem Poopst François am Péitersdoum "Äddi" gesot haten, gouf d'Doudelued ënner Applaus eraus op d'Péitersplaz gedroen a genee do op de Buedem geluecht, wou de Franziskus sech den 13. Mäerz 2013 fir déi éischte Kéier no senger Wiel zum Poopst un d'Vollek adresséiert hat.

RTL

© Stefano Rellandini / AFP

No der Mass, déi vum 91 Joer alen Dekan vum Kardinolscollège Giovanni Battista Re gehale gouf, ass dem Hellege Papp seng Doudelued mat engem ëmgebaute Papamobil iwwert eng ronn 5 Kilometer laang Streck an d'Basilika Santa Maria Maggiore gefouert ginn. Laanscht d'Stroosse stoung eng Abberzuel u Leit, déi applaudéiert hunn. Dat eigentlecht Begriefnis an enger Säitekapell vun der Basilika Santa Maria Maggiore, déi extraterritorialen Terrain vum Vatikan ass, gouf ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet gehalen. Ronn 50 Geeschtlecher wéi och aner Persounen, déi dem Poopst no stoungen, hunn un der kuerzer Feier deelgeholl. De Poopst hat sech viru Joren dës Plaz als Graf erausgesicht.

Dat schlicht Graf soll scho vun e Sonndeg un ëffentlech zougänglech sinn.

*An engem éischte Bilan war vun op d'mannst 250.000 Leit riets gaangen.

D'Emissioun am Replay

De Liveticker fir nozeliesen