© JAKARTA GIVERNMENT/AFP/Handout (Archiv)
Déi ronn 200 Kilo schwéier Déiere goufe laang Zäit a klenge Käfeger gehalen a sollten du mat engem Camion an de Safaripark Muong Thanh bruecht ginn.
E puer Deeg, nodeems 17 Tigeren, déi illegal am Vietnam geziicht goufen, beschlagnaamt goufen, sinn 8 vun hinne verscheet. Iwwert déi genau Doudesursaach gouf nach näischt matgedeelt, schreift d'Zeitung „Tien Phong", déi e Spriecher vun der Police zitéiert. Do virdru goufen déi grouss Déieren a klenge Käfeger gehalen, obwuel si zum Deel 200 Kilo op d'Wo bruecht hunn.
De Besëtzer hat de Beamten erkläert, dass hien e puer vun de Véierbeener am Laos kaf hätt, wéi si nach ganz jonk waren. Dunn hätt hien ugefaangen, Tigeren ze ziichten.
D'Provënz Nghe An un der Grenz mam Laos gëllt als Hotspot fir den illegalen Handel mat wëllen Déieren. Bannent de leschte Jore goufen ëmmer nees Fäll vun illegaler Zuucht, Handel oder Doutmaachen opgedeckt. WWF no ginn Tigeren als besonnesch menacéiert agestuuft.