Intrigen, Léift, Konkurrenzkampf: dat sinn d'Ingrediente fir déi nei däitsch Serie "Die Cooking Academy", déi zanter dem 6. Oktober op ProSieben leeft.

Mat dobäi ass och ee bekannt Gesiicht aus Lëtzebuerg. Den Tommy Schlesser konnt eng Roll ergatteren a wäert vun elo u reegelméisseg op der däitscher Tëlee ze gesi sinn. Vun den 120 Episoden, déi fir déi éischt Staffel gedréint gi sinn, spillt den Tommy als Deel vum Haapt-Ensembel a ronn 100 Stéck mat an dat nieft aneren etabléierte Schauspiller, déi een aus däitsche Serië kennt. "Et ass scho wichteg als Lëtzebuerger Schauspiller am Ausland gesinn ze ginn", esou den Tommy. "Wa mir lo Chance hunn, kann dat hei jorelaang lafen". 

Am Fokus vun der neier TV-Produktioun sti jonk Talenter, déi an der Kach-Schoul "Cooking Academy Culinary Arts by Alexander Eichen" zu zukünftege Spëtzekäch ausgebilt ginn. A wéi dat bei enger Daily Soap esou ass, dierfen Drama a pikant Geschichten natierlech net feelen. Dozou dréit och dem Tommy Schlesser seng Roll bäi. A wéi wäit, dierfe mir natierlech nach net verroden. Hie spillt de Julian Frey, Jeeër an Haapt-Fournisseur vun der "Cooking Academy", deen d’Kachschoul mat regionale Produite beliwwert.

Den Tommy Schlesser iwwert seng Roll "Julian Frey"
Den Tommy Schlesser spillt de Julian Frey, Jeeër an Haapt-Fournisseur vun der "Cooking Academy", deen d’Kachschoul mat regionale Produite beliwwert.

Erausfuerderunge bei den Dréiaarbechten

D’Geschicht vun der Serie spillt sech an der Géigend vu Freiburg of, ma gedréint gouf bei Köln. An zwar net - wéi bei enger Daily Soap üblech - an engem Studio, mee an enger reeller Location. D'Schlass, wat eemol een Hotel war, ass no opwennegen Ëmbau-Aarbechten an eng Film-Kuliss verwandelt ginn. An dat war net deen eenzegen Challenge fir d’Produktiounsteam vun itv Studios Germany, verréit eis d’Executive Producerin Barbara Süvern. D'Thema Kachen, wat jo am Mëttelpunkt vun der Story steet, géif och ee risegen Opwand mat sech bréngen.

"Wir haben hier ein eigenes Koch-Team, wir haben ein Requisiten-Team, die all das natürlich herstellen, auf höchstem hygienischen Niveau. Das muss ja erstens nicht nur gut aussehen, das muss auch hygienisch sein. Das wird ja gegessen hier, verköstigt und so weiter. Und das in den täglichen Workflow zu integrieren, das ist schon eine Hürde."

"Wir müssen am Tag sehr viele Szenen drehen, man hat wenig Privatleben"

Den Tommy Schlesser steet fir seng Zeenen haaptsächlech mam Simone Hanselmann a Matthias Brüggenolte virun der Kamera. Si spillen d’Koppel, déi un der Spëtzt vun der "Cooking Academy" steet: d’Felicitas Eichen, Direktesch vun der Kachschoul, an den Alexander Eichen, Stärekach. Genee sou wéi de Matthias Brüggenolte, deen aus "Alles was zählt" bekannt ass, kennt och d’Simone Hanselmann d’Erausfuerderunge vun enger deeglecher Serie allze gutt. Enn de 90er Joren huet si bei enger vun de bekanntsten Daily Soaps an Däitschland matgespillt, bei "Gute Zeiten, Schlechte Zeiten". Elo wot si sech dann op en Neits un dës Aventure. Et wiere laang an ustrengend Deeg, mat engem strammen Dréiplang. Pro Zeen gi ronn 30 bis 40 Minutten ageplangt. An där Zäit muss alles aus verschiddene Wénkele gefilmt ginn. Vill Sputt fir Feeler bleift net.

Simone Hanselmann a Matthias Brüggenolte am Interview
D'Schauspiller erklären, wat d’Erausfuerderunge bei enger Daily Soap sinn.

"Die Cooking Academy" ass déi éischt Daily Serie no 18 Joer bei ProSieben. Ëm déi 100 Leit hunn un der Produktioun geschafft a méintelaang alles ginn, fir aus der Serie eng Success Story ze maachen. Deen Drock géing ee versichen, a positiv Energie ze verwandelen, esou d'Produzentin Barbara Süvern. Ob et just bei där enger Saison bleift, oder nach weider Staffelen dobäi kommen, hänkt dovun of, wéi vill d'Serie op der Tëlee (ProSieben) an online (Joyn, Disney+) gekuckt gëtt.

E Mëttwochowend um 18 Auer ass den Tommy Schlesser dann déi éischt Kéier a senger Roll als Julian Frey ze gesinn.

Am Video-Reportage geheie mir e Bléck hanner d’Kulissen a kréien eng Visite Guidée vum Set mam Matthias Brüggenolte an Tommy Schlesser! Kuckt de Video hei oder den Owend um 19 Auer am Magazin op der Tëlee.