Dës Woch geet et ëm en Ultra Trail, Musek, e Videospill an eng TV-Première.

Den Tim Karius ass houfreg beim "Ultra Trail du Mont Blanc" ukomm ze sinn. De Buergermeeschter vun der Gemeng Lenneng, deen als Ekonomist beim Staat schafft an zanter senger Kandheet Fussball gespillt huet, war och schonn 6 Mol beim Ironman 70.3 an 3 Mol op der Ironmandistanz ugemellt. Dëst Joer eng éischte Kéier beim UTMB. Op 2.492 Leefer hunn der 829 opginn an hie war ee vun den 1.664, déi et um Enn iwwer d'Arrivée vun der Streck vun 174 Kilometer mat 10.000 Héichtemeter gepackt hunn.  

Den dänesche Sänger Lasse Matthiessen presentéiert d'TV-Première vun "Night Train". De Fils vun engem Jazz-Pianist a Produzent huet sech ëmmer fir Musek interesséiert. Scho mat 9 war hien an der Chorale a mat 13 huet hien ugefaangen, Gittar ze spillen. Eréischt méi spéit huet hien erausfonnt, dass hie vun einfache Melodië begeeschtert ass an déi zum Ouerewuerm ginn, wann hie se mat senger roueger, awer markanter Stëmm séngt. "Stray Dog" war 2007 säin éischten Album. An der Soap "Verbotene Liebe" konnt een e puer vu senge Saachen héieren an elo hofft hien op "Night Train". 

De Joel Wealer huet sech mat sengem eegene Videospill en Dram erfëllt. Haaptberufflech schafft hien als Mediepedagog a bréngt de Kanner aus der Grondschoul op spilleresch Manéier d'Kodéieren an d'algorithmescht Denke méi no. Mat dem Spill "Stash: A Card Looter" gëtt et elo eng Mëschung aus Kaartespill an Autobattler, dat een zanter dem 22. September op der Plattform Steam fënnt. Sou eng Spillentwécklung ass net evident a fuerdert Kreativitéit op allen Niveauen. 

D'Mariette Lentz séngt nächste Freideg mam Quartett "Sing4You'" zu Maarnech am Cube 521. Déi professionell Sopranistin an hir 3 Kolleegen, déi am Conservatoire zu Ettelbréck an am Stater Conservatoire Couren ginn, presentéieren e Freideg 24. Oktober no hire Programmer "Somebody to love", "Radiodays" an "Swinging Christmas - Komm ein bisschen mit nach Italien". Eng musikalesch Rees an d'50er a 60er Joren. Begleet gi se deen Owend vu Gittar, Kontrabass a Batterie.