Als Leschte vun den Nobelpräisser fir dëst Joer, goufen dëse Méindeg d'Laureaten an der Ekonomie bekannt gemaach.

De Präis geet dëst Joer zu enger Hallschent un den David Card, an zur anerer Hallschent un de Joshua D. Angrist an un de Guido W. Imbens. Si kommen alleguer aus den USA.

Tweet

Den David Card gouf ausgezeechent fir seng Fuerschung um Gebitt vun der Aarbechtsökonomie, de Joshua D. Angrist an de Guido W. Imbens fir hir methodesch Analyse vu Kausalzesummenhäng. Wéi zejoert sinn d'Präisser mat 10 Millioune schwedesche Krounen dotéiert, dat si ronn 980.000 Euro.

Am Géigesaz zu deenen anere 5, geet dee vun de Wirtschaftswëssenschafte jo net direkt op d’Testatement vum Alfred Nobel zeréck, ma gouf 1968 a Gedenken un hien an d’Liewe geruff.

Zejoert goufen zwee US-amerikanesch Ekonomiste priméiert, fir hir Aarbechten an der Auktiounstheorie.