E Samschdeg waren de Logementsminister Claude Meisch an d'gréng Deputéiert Sam Tanson eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Wann d'Immobiliebranche bereet wier mat hire Präisser erofzegoen, da géife warscheinlech och méi nei Wunnenge kaf ginn, dat sot de Logementsminister Claude Meisch e Samschdeg an der Emissioun "Background am Gespréich", wou hien zesumme mat der fréierer Grénger Logementsministesch Sam Tanson war, fir iwwer Logement a Landesplanung ze schwätzen. Déi gréng Fraktiounscheffin huet kritiséiert, datt de Logementsministère net séier genuch handele géif. De Claude Meisch misst endlech en neien Loyersdeckel presentéieren an och ënnert anerem bei de Taxe op eidelstoende Wunnenge Gas ginn. D'Texter géifen do leien, mä déi aktuell Regierung géif sech net elo néideg Moyene ginn. De Claude Meisch huet widderholl, datt d'Steier op eidele Wunnengen am Koalitiounsaccord stoe géif. An et géif och déi technesch Viraarbecht dofir gemaach. Parallel géif hien elo scho via d'Gestion locative sociale nach probéieren, un e puer Riedercher ze dréinen, fir  zousätzlech Wunnengen ze mobiliséieren. 
 
Dem DP-Logementsminister hätt d'Politik an der Vergaangenheet kollektiv versot, andeems de Staat keng eege "Réserve foncière" opgebaut hätt an elo einfach ze wéineg Terrainen huet. Hätt de Staat haut méi Terrainen, kéint en och besser als Regulateur agéieren a selwer méi Projete lancéieren. Do ware sech béid Politiker eens.
 
Et kéint op alle sinn net sinn, datt "wëll" gebaut gëtt, mä qualitativ héichwäerteg a virun allem missten al Frichen prioritär viabiliséiert ginn, sou de Claude Meisch. De Projet "Metzeschmelz" zum Beispill misst onbedéngt kommen. D'Land kënnt kloer net "à gogo" versigelt ginn.

D'Sam Tanson huet drop higewisen, wéi wichteg Wunnengen a Quartiere sinn, déi elo schonn un d'Mobilitéit ugebonne sinn a wou déi néideg Infrastrukture sinn. 
 
VEFA-Programm muss a wäert weidergoen
 
De Claude Meisch huet sech dann an der Emissioun dozou engagéiert, datt d'Regierung den ëffentlechen Opkafprogramm fir VEFA-Wunnengen, also Wunnengen um Plang selwer opzekafen. 2/3 vun der Enveloppe an Héicht vun enger hallwer Milliard Euro wieren antëscht opgebraucht. Iwwert dee Wee wieren elo schonn iwwer 500 Wunnenge kaf ginn. Eppes, wat am Ufank ënnert dem Henri Kox als Kriseninstrument geduecht war, fir dem Immobiliemarché ënnert d'Äerm ze gräifen, sollt awer sécher weider e Pilier an der Logementspolitik bleiwen, sou de Minister.

Den Appell vum Sam Tanson war kloer: De Staat an och d'Gemenge misste grad hei nach méi maachen a selwer nach méi Wunnenge kafen, fir méi e grousse staatlechen Immobiliepark ze kréien. 
 
Aktuell Steierpolitik ass net méi un de Marché adaptéiert
 
Déi temporär Neesaféierung vum "Amortissement accéléré" an Héicht vu 6% hätt dem Logementsminister no liicht eppes bruecht, fir géint d’Kris am Bau unzegoen. De Claude Meisch war awer formell, et wier elo net gënschteg, fir Steierinstrumenter nees anzeféieren, déi de Leit an der Vergaangenheet net gehollef hätten an éischter nach dozou gefouert hunn, datt de Marché iwwerhëtzt ass. Hie géif sech kenger Diskussioun iwwer Steiere verschléissen. Ma steierlech Incentiven dierften net nëmme fir déi sinn, déi investéieren, mä och fir déi Leit, déi dra wunnen. "Einfach Steiere reduzéieren, fir datt d’Plus-value engem Promoteur oder engem éischte Keefer méi grouss gëtt, dat kann op Dauer net d’Finalitéit vun enger Logementspolitik sinn", sou de klore Message vum Ressortminister.

D'Sam Tanson huet monéiert, datt Locatairen haut vu kenge steierlechen Ureizer profitéiere kënnen. 
 
Enregistrementsfraisen iwwerdenken?
 
Allgemeng huet de liberale Politiker ze bedenke ginn, datt déi aktuell Steierpolitik net méi dem aktuelle Kafverhale vun de Leit ugepasst wier. Den haitege Steiermodell wier drop axéiert, fir haaptsächlech Wunnengen um Plang ze kafen (déi sougenannten VEFA, vente en l’état futur d’achèvement), wou d'Leit haut zécken, fir déi kafen. Dem Claude Meisch no misst ee sech dowéinst Gedanken iwwert en eventuell neie Steiermodell maachen am Logement. De Minister huet hei ausdrécklech d'Enregistrementsfraisen an Héicht vu 7% kritesch hannerfrot. 
 
Wou bleiwen déi annoncéiert vereinfacht Prozeduren?
 
Kritik koum um Enn vun der Emissioun nach vun der Grénger Oppositiounspolitikerin un der annoncéierter administrativer Vereinfachung am Logement. Vun den annoncéierten Mesure wiere bis elo virun allem déi ëmgesat ginn, fir Natur ze zerstéieren, mä d'Vereinfachung vun de Prozeduren, dat annoncéiert eenheetlecht Bautereglement virun allem, géife weider op sech waarde loossen.

Background am Gespréich mam Claude Meisch a Sam Tanson

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.