Zu Esch ass dëse Weekend eng méi lass. Um Samschdeg war nämlech déi offiziell Inauguratioun vum Bâtiment4.

Dat ass ee vun den dräi Projeten, déi d’Œuvre Grand-Duchesse Charlotte an Esch2022 erausgesicht hunn, fir am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad ze realiséieren a finanziell ënnert d'Äerm ze gräifen. D'Iddi wier et, de Leit eng Plaz unzebidden, wou se kënnen un neie Projete schaffen, mat anere Kënschtler kollaboréieren, nei Wierker entdecken an u verschiddenen Evenementer deelhuelen. Adresséiert ass d'Offer u Kënschtler an Associatiounen, mä och u jiddereen, dee vun der Offer wëll profitéieren.  Fir d'Ouverture ze feieren, ginn iwwer de ganze Weekend déi verschiddenst Evenementer organiséiert. Ugefaangen huet et mat engem Concert vun der "Hariko Youth". Ma och sos ass de Programm gutt gefëllt mat Yoga-Coursen, Danz-Workshops, artisanalen Atelieren, Concerten a villem méi.

De ganze Programm gëtt et op hirem Site.