Wéinst enger Well vu positive Corona-Fäll goufe rezent eng Rei Matcher ofgesot an dat kéint Schwieregkeeten am Programm mat sech bréngen.

An enger Partie Länner ass genee wéi hei am Land den Ament Wanterpaus am Futtball. Traditionell gëtt awer an England duerchgespillt an "Wanterpaus" ass eng Aart Friemwuert.

Corona an der Premier League / Reportage Jeff Kettenmeyer

Den Ament huet een d'Gefill, datt an England de Futtball-Championnat trotz de ville Corona-Infektioune mat alle Mëttele soll duerchgezunn ginn. Mat de rezenten Ofsoe vu Partië kéint et awer an den nächste Wochen enk ginn, fir d'Matcher nozehuelen. Den Ament gesäit et nämlech net duerno aus, wéi wann d'Corona-Situatioun sech op der Insel géif däitlech besseren.

Den FLF-President Paul Philipp: "Et si jo och eng Partie Matcher um Boxing Day ausgefall, an deen ass jo u sech helleg an England. Et gesäit esou aus, wéi wann een et géif probéieren, duerchzezéien, bis et net méi geet, mä iergendwann ass dee Punkt dann awer och definitiv do. Verschidden Trainer wéi Klopp a Guardiola hu jo schonns gewarnt an et gouf jo och schonns deelweis vun engem Streik geschwat, mä datt et esou wäit kënnt ass nach eng aner Saach. Mä a punkto Kalenner gëtt dat do natierlech enk a virun allem, wann déi europäesch Matcher nach dobäi kommen."

Tëscht dem 20. a 27. Dezember goufen 103 positiv Coronatester vu Spiller a Staff an der Premier League gemellt. Am Februar ass och d'Suite vun der Champions League, respektiv Europa League. Fir déi englesch Ekippe kéint et dës Saison vum Pensum hier nach méi sauer gi wéi déi Jore virdrun.

"Stellt iech dat emol vir, wann d'Spiller net positiv sinn, spille se den Ament quasi am zwee Deeg Takt. A wann dann herno an der Champions League déi aner grouss Veräiner kommen, an deenen d'Spiller awer gréisstendeels ausgerout si wéinst der Wanterpaus, da kéint et kierperlech ganz enk gi fir d'Spiller aus der Premier League an dat kéint dann decisiv sinn an der Kinneksklass."

De 15. Februar ass iwweregens d'Suite vun der Champions League an op RTL ZWEE kënnt Dir natierlech wéi gewinnt nees live dobäi sinn.