Den hollännesche Weltmeeschter huet op de Leader vum WM-Klassement Oscar Piastri 94 Punkte Retard. Nach bleiwen 8 Coursen ze fueren.

Ass an der Formel 1 d'Victoire vum Max Verstappen beim Grousse Präis vun Italien zu Monza den Turnaround an der Saison fir Red Bull? Kann den aktuelle Weltmeeschter deenen zwee Éischten am WM-Klassement, deenen zwee McLaren Piloten Oscar Piastri an Lando Norris an deenen 8 leschte Course nach geféierlech ginn? De Verstappen huet e Retard vu 94 Punkten op de Piastri, deen éischten ass. Den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl geet no zwee Drëttel vun der Saison dovun aus, datt déi zwee McLaren-Piloten d'Lutte ëm d'WM-Kroun ënnert sech ausmaachen:

"Wat mir zu Monza gesinn hunn, ass net e Red-Bull-Revival, mee einfach e Circuit, deen hirem Auto extreem gutt läit. Si hunn en Auto, deen effizient doranner ass, d'Appuien ze behalen, och wann de Loftwidderstand miniméiert gëtt. Dat ass eppes, wat hinnen entgéint wäert kommen, och nach op anere Plazen, wéi zum Beispill zu Baku oder zu Las Vegas.Op Plaze wéi Singapur zum Beispill guer net, dofir a Saache Konstrukteursmeeschterschaft bleift et weiderhi ganz kloer a McLaren-Siicht, mee de Max kann awer nach déi eng oder déi anere Victoire siche goen."

Dominique Riefstahl iwwert d'WM-Chancë vum Max Verstappen

 
Déi nächst Course kéint awer nees Red Bulll an dem Max Verstappen entgéint kommen. An zwou Wochen ass nämlech de Grousse Präis vum Aserbaidschan um séiere Stad-Circuit vu Baku.