Genee 1 Mount no der Gebuert vun deem klengen Céra, huet elo den Hekaw d'Liicht vun der Welt erbléckt.

Mat 4 weiblechen Ziicht-Déieren a 7 Klenger an de leschten 10 Joren, dovun 3 an de leschte 4 Méint, ass den Zoo zu Amnéville ee vun de gréisste Reproduktiounszentere fir "Breetmaulnashörner".

Zanter dem 18. Februar gëtt et am Zoo dann eng méi aussergewéinlech Kannerstuff mat zwee Männercher an engem Weibchen, déi an de leschte Méint gebuer gouf. Den Ufank huet de Mosl de 6. Oktober gemaach, suivéiert vum Céra, dat den 18. Januar säin Har gewisen huet.

Och wann déi Kleng nach net beieneen dierfen, kënne si sech schonn a verschidde Boxen entdecken a richen. Bis si e gewëssent Gewiicht erreecht hunn, wuessen d'Déiere virop getrennt vuneneen op. Mëtt Mäerz sollen dann de Mosl an d'Céra beienee kommen.

Fir den Déierefleeger am Nashornberäich wäert den Alldag vum Wuesstem vun de Klenge bestëmmt sinn. Dee fänkt da schonn e Méindeg mat der Verdeelung vum Fudder un, déi fir d'Weibercher, déi stëllen, wichteg ass. Virun allem awer fir d'Tala, dem Mosl seng Mamm, well dee Klengen och gären dovu matësst.

Am Hibléck op d'Ausstierwe vun den Nashörner ass d'Reproduktioun vun den Déieren an Zooen souzesoen e "Plang B", deen vun der EU reglementéiert ass, fir e geneetescht Ierwen z'erhalen an z'envisagéieren, d'Nashörner rëm an hiren natierleche Liewensraum ze bréngen.