D'Evelyna, sou hire Kënschtlernumm, huet 23 Joer an ass zanter 2 Joer Eskort-Girl zu Lëtzebuerg an an Däitschland als Sexaarbechterin legal ugemellt.

Virdrun huet si op der Gemeng geschafft – eng Aarbecht, déi si wéineg erfëllt huet. Déi jonk Fra ass op de Wee gaangen an huet sech getraut an d'Erotikbranche anzedauchen, déi si schonn zanter dem Teenageralter faszinéiert.

Elo wëll si mam Tabu briechen, wann ee sech fräiwëlleg decidéiert, dëse Beruff ze maachen. An dofir benotzt d'Evelyna dacks och d‘'sozial Netzwierker, fir hir ënnerschiddlech Facetten ze weisen. Well engersäits ass si roueg an zréckgezunn, ma anerer Säit kënnt hir expressionistesch Säit eraus, wou si gären de Männer weist, wien de Chef ass. Si erzielt eis hir Geschicht, wéi e Meedchen, dat immens gleeweg ass an am léifsten an de Schwarzwald an d'Vakanz geet – well et do sou schéi roueg ass – haaptberufflech hir Begleedung an hire Kierper u Männer verkeeft.

Am Kontext vum Interview mam Evelyna ass et och nach emol wichteg ze preziséieren, dass sexuell Bezéiunge vun eelere Persoune mat Jugendlechen a Kanner ënner 16 Joer e Viol géifen duerstellen a strofbar sinn.