E Méindeg de Moien hunn d'Organisateuren d'Etappe vun der 85. Editioun vum Škoda Tour de Luxembourg bekannt ginn. Mat engem Retour an enger Neiegkeet.

Vum 17. bis den 21. September gëtt hei am Land nees de Škoda Tour de Luxembourg iwwer fënnef Etappe gefuer. Wéi och scho virun zwee Joer wäerten d'Coureuren op enger Etapp erëm eng Kéier am Haff vum Veianer Schlass ukommen. Eng Neiegkeet ass dann de Spuerkeess Bonus Sprint. Dobäi handelt et sech ëm en Tëschesprint, dee ronn 60 Kilometer virun der Arrivée vun all Etapp installéiert gëtt. Déi jeeweils dräi éischt Coureure kënnen hei Bonuspunkte fir de General sammelen an och ee Präisgeld wannen.

Déi 5 Etappen am Iwwerbléck:

17.09.2025 - 1. Etapp: Lëtzebuerg-Knuedler → Lëtzebuerg Fëschmaart (152.8 Kilometer)

18.09.2025 - 2. Etapp: Réimech → Mamer (168.4 km)

19.09.2025 - 3. Etapp: Mäertert → Veianen (170.5 km)

20.09.2025 - 4. Etapp: ITT Nidderaanwen (26.3 km)

21.09.2025 - 5. Etapp: Miersch → Lëtzebuerg-Lampertsbierg (176.4 km)

Ekippen

Un den Depart ginn 20 Ekippen, dorënner 8 UCI WorldTeams, 7 UCI ProTeams, 4 UCI Continental Teams an d'Lëtzebuerger Nationalekipp.

UCI WorldTeams: Alpecin-Deceuninck, Arkéa-B&B Hôtels, Decathlon Ag2r La Mondiale Team, EF Education-Easypost, Groupama-FDJ, Lidl-Trek, Soudal Quick-Step, UAE Team Emirates

UCI ProTeams: Equipo Kern Pharma, Team Flanders-Baloise, Team Polti Visitmalta, Team TotalEnergies, Tudor Pro Cycling, Uno-X Mobility, Wagner Bazin WB

UCI ContinentalTeams: Efapel Cycling, Hrinkow Advarics, REMBE rad-net, Team ColoQuick

National Team: Lëtzebuerg

Déi fënnef Etappe vum Škoda Tour de Luxembourg kënnt Dir och dëst Joer nees live op der Tëlee an am Stream op RTL.lu suivéieren.