En Donneschdeg hat de Prënz Guillaume mam Empfang vun den neien Ambassadeuren am Palais säin éischten Optrëtt als Lieutenant-Représentant.

Am Groussherzogleche Palais an der Stad war en Donneschdeg d'Akkreditatioun vu fënnef neien Ambassadeuren. Wéi den Haff preziséiert, war dat deen éischten offiziellen Optrëtt vum Ierfgroussherzog Guillaume als Lieutenant-Représentant.