An der Usprooch huet déi groussherzoglech Koppel annoncéiert, datt de Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie den 3. Oktober 2025 hir Nofollger ginn.

Den Trounwiessel kënnt zestanen, nodeems de Grand-Duc um leschten Nationalfeierdag annoncéiert hat, säi Fils Guillaume géif Lieutenant-Representant ginn. Dat ass de Prënz Guillaume zanter dem 8. Oktober vun dësem Joer. Hien huet schonn eng ganz Rei an der Haaptsaach administrativ Aufgaben vum Grand-Duc iwwerholl an ass sengem Papp no am nächsten Hierscht beschtens preparéiert, fir den Troun z'iwwerhuelen.

De Grand-Duc Henri seet a senger Chrëschtusprooch iwwer sech selwer, et wär elo no 25 Joer als Staatschef Zäit, sech zeréckzezéien. Hie wär dovun iwwerzeegt, dass déi nei groussherzoglech Koppel mat all hirer Kraaft zum Wuel vum Land bäidroe géif.

Lëtzebuerg stéing viru groussen Erausfuerderungen. De Grand-Duc hieft de Klimawandel ervir. Ma och geopolitesch Tensiounen, Kricher an ekonomesch Changementer géifen ze denke ginn. 2025 wär awer och nees eng Méiglechkeet, fir d'Visioun vum Land virunzebréngen: Ee Land, dat ënnert anerem op Diversitéit an Innovatioun géif setzen a sech duerch d'Zesummeliewe vu ville Kulture géing auszeechnen.

Natierlech wënschen de Grand-Duc selwer, awer och d'Grande-Duchesse an déi ierfgroussherzoglech Koppel an all hir Kanner all de Leit schéi Chrëschtdeeg an all Guddes fir dat neit Joer.

Hei och déi offiziell Annonce vum Trounwiessel.

Hei ass d'Chrëschtusprooch a Gebäerdesprooch