"Sport als Vecteur vum Benevolat"




































































































































































































































Den Dag no der Intronisatioun huet de Grand-Duc Guillaume seng feierlech Tournée duerch d'Land zu Maacher ugefaangen.
Um Stade "Op Flohr" stoung d'Visitt vum Grand-Duc Guillaume ënnert dem Motto "Sport als Vecteur fir Benevolat ze weisen". Och d'Maacher Leit waren invitéiert, bei dësem feierleche Moment mat dobäi ze sinn.






























































































































































































































Déi flottst Momenter vu Gréiwemaacher
Zum Thema Sport goufen um Terrain "Op Flohr" verschidden Ateliere gewisen. Trotz dem Reen um Samschdegmoien konnt de Programm duerchgezu ginn. Et huet een eenzel Sportaarten net méi baussen um Terrain, mee an der Hal gewisen.
D'Benevolat an d'Fërderung vum Sport stoungen hei am Mëttelpunkt, fir esou de ville Fräiwëllegen ze weisen, dass ouni hir Passioun kee Gemengeliewe méiglech wier.
Dëst waren déi verschidden Atelieren:
CAEG: Hürdelaf
Handball Museldall: Kanner Training
Tae Kwon Do: Kanner Training
CSG: Kanner + Meedercher
Dëschtennis: Kanner Training