D'groussherzoglech Famill mécht Statioun am Norden


































































































































































































































































































































































































































































































































































































































A fënnef Uertschafte sinn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse erwaart ginn. Déi zweet Destinatioun war zu Wolz, oder Wooltz wéi et "do uawen" heescht.
E Samschdeg um 14.20 Auer ass de Grand-Duc mat senger ganzer Famill zu Wolz ukomm. Déi zwee Prënzen, d'Grande-Duchesse Stéphanie an de Grand-Duc Guillaume sinn am Wooltzer Schlass begréisst ginn. Zesumme mat den Awunner vu Wolz hu si e Spektakel mat interaktiver Videoinstallatioun an dräi musikalesch Optrëtter suivéiert.












































































































































































































































































































































































































































































































































































































































Déi bescht Momenter vu Wolz am Zesummeschnëtt
Kuckt nach eng Kéier de komplette Replay
Mëttegiessen um längsten Dësch vum Land a Public Viewing
Am Stadkär war eng interkulturell Feier a fir dat Ganzt esou richteg geselleg ze gestalten, gouf sech do ee ganz besonneschen Iessdësch ausgeduecht, dee längsten am Land. 150 Meter war dëse laang a jidderee sollt do eng Plaz fannen.
Héichpunkt vum Dag ass e gratis Open-Air-Concert mat nationalen an internationale Kënschtler an engem DJ-Set um Samschdegowend bis an d'Nuecht eran.
Wou d'Rees vum Grand-Duc Guillaume a senger Fra Stéphanie weidergeet, kann een zu Wolz um groussen Ecran suivéieren.
Sämtlech Detailer um Site vun der Gemeng Wolz.
Artistesche Programm
Cooperations & Friends
Carmen Luisa
Naomi Ayé & Band
Pueri Cantores
Volleksfest mat:
Claire Parsons
Selah Sue
Weeltzer Musik + Dj Leen & others
Dj Ze Edouardo
Lisa Junius
Eric Mangen
Cooperations Art