Nom Osten an Norde vum Land huet et de Grand-Duc an de Weste vum Land gezunn, méi genee op Stengefort.

De Grand-Duc ass e Samschdeg um 16.20 Auer zu Stengefort ukomm. Hei war an der Haaptsaach eng Visitt am Hôpital Intercommunal geplangt.

Als Hommage un d’Solidaritéit, déi eis Gesellschaft ausmécht, war de Grand-Duc d'Personal aus dem Gesondheetssecteur an och d'Patiente besichen. Duerch si sollen all déi, déi onermiddlech der Gesellschaft déngen, och wärend de Feierdeeg, ervirgehuewe ginn.

Esou hunn d'Bewunner d'Visitt vun der groussherzoglecher Koppel erlieft

Déi bescht Momenter vu Stengefort

Kuckt hei de komplette Replay vu Stengefort

Nom Accueil am Centre de Jour pour personnes âgées huet de Grand-Duc d'Personal aus dem Gesondheetssecteur wéi och d'Patiente getraff a mat hinne geschwat.

Um Samschdegowend war en Hierschtconcert.

De Resumé vu Stengefort
De Reportage aus dem Journal.