Rio de JaneiroD'Police ermëttelt nom Doud vun dräi Giraffen an engem Safari-Park

RTL Lëtzebuerg
Am brasilianesche Rio de Janeiro ermëttelt d'Police zum Doud vun dräi Giraffen an der presuméierter Mësshandlung vu 15 anere Giraffen.
© afp

Am brasilianesche Rio de Janeiro ermëttelt d’Police zum Doud vun dräi Giraffen an der presuméierter Mësshandlung vu 15 anere Giraffen. Zwee Männer, déi fir d’Versuergung vun den Déieren zoustänneg waren, sinn a Verbindung mat de Faite scho festgeholl ginn, wéi d’Police en Donneschdeg matgedeelt huet. Déi 15 Iwwerliewend Déieren, déi aus Afrika fir de Safari-Park importéiert gi waren, si vun der Police saiséiert ginn.

D’Weltnaturschutzunioun (IUCN) stuuft Giraffen als eng gefährt Déierenzort an. Elo wëllen d’Beamten net just ënnersichen, wéi d’Giraffe gehale gi sinn, mee och wéi se vun Afrika a Südamerika transportéiert gi sinn an ob dësen Import iwwerhaapt legal war.

De Safari-Park weist d’Uschëllegunge vu sech a betount, den Import vun Déieren aus Afrika wier ee wichtege Bestanddeel vun enger “Schutzstrategie” fir den Erhalt vu gefährten Aarten. Déi dräi Giraffen si gestuerwen, nodeems si aus deem Beräich ausgebrach waren, an deem si sech un hiert neit Ëmfeld gewinne sollten.

Back to Top
CIM LOGO