
Den “Lincoln children’s zoo” huet den Doud vum Ranney, Everest a Makalu de Freideg op senger Facebooksäit matgedeelt.
D’Déiere wieren an der ganzer Communautéit bannent a baussent dem Zoo onheemlech beléift gewiescht. “De Verloscht brécht eis d’Häerz a mir traueren all mateneen”, esou den Zoo a senger Matdeelung.
Nieft deenen dräi Schnéileoparde sinn nach zwee weider Déiere mam Coronavirus infizéiert a brauchen eng ganz besonnesch Fleeg. D’Tigeren Axl a Kumar hu viru ronn engem Mount éischt Symptomer gewisen, mee sinn dem Zoo no elo um Wee vun der Besserung.
Datt Déiere sech och kënne mam Coronavirus ustiechen, ass ewell gewosst. Eng Rei aner Zooen, ënnert anerem och an den USA, hate schonn am vergaangene Joer krank Déieren.
Zu Lëtzebuerg hat am Summer eng Etüd vum LIH gewisen, datt vun 276 Hënn sech der 62 mam Coronavirus ugestach haten. Bei de Kaze waren et der 60 vun 228 ënnersichten Déieren.