Matziele w.e.g.!D'"Stonn vun de Wantervullen" an Däitschland réckt méi no

RTL Lëtzebuerg
Et soll nees déi "gréisste wëssenschaftlech Matmaachaktioun vun Däitschland" sinn. Dës Woch start fir déi 12. Kéier d'"Stonn vun der Wantervigel".
© AFP/Archiv/Damien MEYER

Den “Naturschutzbund Deutschland” (NABU) rifft zesumme mam “Landesbund für Vogelschutz” (LBV) zu der Zielung vun de Wantervullen op. Ënnert dem Motto “Stonn vun de Wantervigel” kënne sech bundeswäit Vullefrënn tëscht dem Dräikinneksdag en Donneschdeg an e Sonndeg un der Zielung bedeelegen. Dobäi sollen net alleguer d’Vulle gezielt ginn, mä Verännerungen iwwert den Zoustand vun der heemescher Vullewelt an de Siidlunge festgestallt ginn.

Eng Stonn laang sollen d’Vulle beim Fudderhaischen, am Gaart, um Balcon oder am Park gezielt an da gemellt ginn. Am Mëttelpunkt vun der Aktioun stinn dacks wäit verbreete Vullenaarte wéi Meesen, Routbrëschtercher a Spatzen. Melle kann een d’Vigel op der NABU-App, um Site vun der Naturschutzfederatioun NABU oder um Site “Stunde der Wintervoegel” bis de 17. Januar.

D’lescht Joer goufe 5,6 Millioune Vulle gezielt. Den Hausspatz louch deemools op der Spëtzeplaz als heefegste Wantervull an Däitschland. D’Schielmees an de Feldspatz louchen op Plaz zwee an dräi.

Back to Top
CIM LOGO