
D’Wëll Kaz géif nees an Däitschland liewen a sech ëmmer méi ausbreeden. Antëscht wiere souguer Spueren a Regiounen entdeckt ginn, an deenen de Maisjeeër ronn 100 Joer verschwonne war. Déierschützer vum “Bund für Umwelt und Naturschutz Deutschland” souwéi déi däitsch Wëll Déieren Associatioun iwwerwaachen d’Déieren an hir Wanderungen. Esou entsti Kaarten, déi hir Liewensraim noverfollegen souwéi impressionant Opname vun Ausernanersetzunge mat anere wëllen Déieren.
D’Wëll Kazen hunn eng änlech Gréisst a Muster wéi Hauskazen, béid Aarte sinn awer net direkt matenee Famill. Z’ënnerscheede si si virun allem um Schwanz: Bei der Wëll Kaz ass dëse méi buscheg - mat däitlechen ofgegrenzte Réng an enger ronner Spëtzt.