GréiwemaacherE Bléck hannert d'Kulisse vum Päiperleksgaart

Philippe Dondelinger
Zanter dem 1. Abrëll ass de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher nees op. Mee wat ass mat de Päiperleken, wa si zou sinn?
E Bléck hannert d'Kulisse vum Päiperleksgaart
Zanter dem 1. Abrëll ass de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher nees op. Mee wat ass mat de Päiperleken, wa si zou sinn?

Wat gëtt an där Zäit gemaach, wa keng Visiteuren dohinner kommen?

Ma et ass d’Directrice Maud Hansen, déi am Päiperleksgaart dono kuckt, dass alles esou funktionéiert, wéi et ze funktionéieren huet. Och wann de Päiperleksgaart vu September bis Abrëll fir d’Visiteuren zou ass, gëtt an deene 6 Méint zu Gréiwemaacher trotzdeem weider geschafft. En tropesche Gaart brauch vill Entretien, an dat dat ganzt Joer iwwer.

D’Sandra Tibolt këmmert sech ëm d’Déieren, déi een ze gesi kritt, an déi mussen och all Dag gefiddert ginn a no hinne gekuckt ginn, esou ass si och responsabel fir de Bestand vun de Päiperleken.

Pro Woch kréie si 200-250 Poppen, déi dann an en extra Schaf kommen. Mat enger Liewenserwaardung vun 3 Wochen am Duerchschnëtt, ginn all Dag tëschent 25 a 30 Päiperleke vum Buedem opgeraf, déi un Alter gestuerwen sinn. 28 Grad a 70 Prozent Loftfiichtegkeet, dat ass d’Klima, wat een hei ze spiere kritt, e Klima, wat et hinnen awer erlaabt huet, nach déi eng oder aner Neiegkeet fir dës Saison dobäi ze huelen.

Ma et ass net net nëmmen de Gaart, ëm dee sech d’Maud Hansen këmmeren muss, niewendru bedreiwe si och nach e Buttek an eng Brasserie, an dee funktionéiert d’ganzt Joer iwwer, an och do dierfen d’Regaler net eidel ginn.

Am Schnëtt fléien ëm déi 600 Päiperleken duerch dee klengen tropesche Bësch zu Maacher. Nei Exemplare kommen all Woch dobäi, a wann ee Chance huet, gesäit ee bei senger Visitt och emol, wa si grad no hirer Metamorphos op d’Welt kommen, an eng Gebuert ass ëmmer schéin matzëerliewen.

Back to Top
CIM LOGO