
D’Déier wier deemno schonn am Alter vun zwee Joer an den Zoo komm a gëllt als eelste Gorilla op der Welt.
Fir de Gebuertsdag huet d’Seniorin sech en extra Kuch aus Räis dekoréiert mat Stoffi, Geméis an Uebst schmaache gelooss. Esou ee Kuch kritt d’Afeweibche schliisslech nëmmen eemol am Joer, well Gorillae sech net ze vill vun “séisse Leckereien” ernieren dierfen. Am Uebst ass vill Fruuchtzocker, wouduerch bal nëmme Geméis op hirem Menü steet.
Am Berliner Zoo liewen nieft dem Fatou nach de 17 Joer ale Sango, d’dräi Gorillaweibercher Djambala, Mpenzi a Bibi souwéi dat klengt Tilla, dat 1 Joer jonk ass. Westlech Gorillae sinn an hirer natierlecher Ëmgéigend vum Ausstierwe bedreet. D’Zerstéierung vun hirem Liewensraum an d’Juegd suerge fir eng staark reduzéiert Populatioun.