
E liichte Wanter an dréchent Wieder hunn de bedreeten Huesen d’lescht Joer beim Nowuess gehollef. Op der Felder a Wisen an eisem Nopeschland sinn am Fréijoer 2021 am Schnëtt 16 Déiere de Quadratkilometer, wéi den Däitsche Juegverband (DJV) zu Berlin matdeelt.
Dat sinn zwee Feldhuese méi wéi nach bei der leschter Zielung 2020 an ee vun den héchste Wäerter zanter dem Ufank vun der Erhiewung viru ronn 20 Joren. Domat setzt sech eng positiv Entwécklung an de leschte Jore virun. D’Zuel vun den Huese geet zanter engem Déifstand 2017 kontinuéierlech erop. Den Hues steet an Däitschland op der Rouder Lëscht vun de bedreeten Déierenaarten.
Dass sech den Trend no uewen och 2022 weider duerchsetzt, wier duerchaus méiglech, sot de Spriecher vum DJV. Am Mäerz, wann déi éischt Klenger gebuer ginn, wier et dës Kéier relativ dréche gewiescht. “D’Kombinatioun vun naass a kal, wann déi méi laang unhält, dann ass dat schlecht fir d’Feldhuesen.” Wenn bei fiicht-kalem Wieder besteet d’Gefor, datt déi neigebueren Huesen auskillen a stierwen. Eng Hiel, déi schützt, wéi fir Kanéngercher, hunn nämlech Huesen net.