Rettung viru KrichEng laang Rees fir zwee Léiwen aus der Ukrain

Pitt Wagner
Berlin huet 20 Tonnen an d’Ukrain geschéckt. Keng Waffen, mä Fudder fir Déieren, well nieft de Mënsche sinn och Déiere vum Krich net verschount bliwwen.
Léiwen aus der Ukrain gerett
Am Idealfall ginn d’Léiwen no enger Quarantän opgepäppelt a kommen an en neit doheem, am léifsten an e Reservat an Afrika.

Esou huet den Zoo vun Odessa elo iwwer 400 nei Pensionären, well d’Leit, déi aus der Ukrain geflücht sinn, konnten hier Hausdéieren do ofginn.

Zwee Léiwen, bei deene scho méi laang geplangt war, fir an d’Belsch ze plënneren, sinn Zwillingen aus Kiew, de Jamil an den Tsar. D’Rees fir déi zwee Léiwe war u sech fir Mee geplangt, mee wéinst dem Krich huet op eemol alles ganz séier misste goen. Zu Kiew ware si an engem Asyl beim Flughafen ënnerbruecht an et war u sech geplangt, dass d’Léiwen an d’Belsch transferéiert ginn. Mee du koum de Krich an der Ukrain.

“Just wei Déierefleeger Kiew zesumme mat de “Raubdéiere” verlooss hunn, si se vun der russescher Arméi ugehale ginn. Déi russesch Zaldoten hu mat hire Waffen op d’Déierefleeger geziilt. Zaldoten hu gedréit, dass si d’Déiere géingen heembréngen. D’Fleeger hu gesot: “Nee dat sinn eis Déieren. Wann dir se upake wëllt, musst dir als éischt laanscht eis.” Also hunn d’Soigneure reegelrecht hiert Liewen a Gefor bruecht, fir d’Déieren ze retten. D’Russesch Arméi huet se du passéiere gelooss”

Eng laang Rees a Richtung polnesch Grenz louch virun hinnen, iwwert Landstroossen, fir de Stau an d’Kontrollen ze ëmfueren. A Polen sinn déi zwee Léiwen e puer Deeg am Poznan Zoo bliwwen, fir sech ze berouegen.

“Well déi zwee hunn d’Bombardementer an d’Artillerie héieren, an déi mannsten Déiere wëssen, mat Kaméidi ëmzegoen, wat ee beim eegenen Hausdéier bei Freedefeier och scho mol hei heem gesäit. Duerch des Erliefnisser waren déi zwee Léiwen natierlech enorm gestresst. Wéi se vu Polen an d’Belsch transferéiert gi sinn, ware se schonn zimmlech roueg. Op der Rees war eng Kamera op d’Déiere geriicht, an huet festgehalen, dass se schonn ee Strapp méi opgereegt waren, wéi bei engem gewéinlechen Transport, mee et huet sech awer a Grenze gehalen. Dohier ass d’Rees vu Polen an d’Belsch gutt verlaf.”

Déi zwee Kinneke vun der Déierewelt hunn alles anescht wéi majestéitesch ausgesinn. Anormal kleng si se an och soss hu se eng Partie weider Mangel-Erscheinungen, wat wuel op ofgelafe Fleesch, dat verfiddert ginn ass, zeréck ze féieren ass. Op de Biller hunn d’Fleeger du gesinn, dass och verschidde Schanke gebrach waren. Dat koum wuel duerch d’Sprangen un der Gitterwand vun hire Käfeger, eng Reaktioun bei Stress déi d’"Raubdéieren” da gäre mol weisen.

“D’Léiwe komme vu private Proprietären, déi hu se a ganz schlechte Konditioune gehalen. Déi ukrainesch Police huet d’Déiere confisquéiert a se an een Asyl op Kiew bruecht. Kiew huet d’Natuerhëllefsstatioun zu Oudsbergen an der Belsch gefrot ob si hëllefe kéinten. A si konnten hëllefen, hir Quarantänsstatioun war eidel. Allerdéngs huet et laang gedauert, fir déi néideg Pabeieren ze kréien. Den Transport war u sech fir de Mee 2022 geplangt, mee wéinst där prekärer Situatioun zu Kiew, wou déi Fräiwëlleg Déierefleeger alleguer Kiew verlooss hunn an hir Déieren, esou hu si an der Belsch nogefrot, fir alles e bëssche fir ze zeien an den Transport vun den zwee Léiwe virzezéien.”

Bannent 3 Méint Quarantän ginn déi zwee erëm opgepäppelt ginn. Duerno geet et dann op d’Sich no engem neien Doheem, am léifsten an engem Reservat an Afrika. Dat ass sécher méi Aartgerecht wéi ee Krichsgebitt.

Back to Top
CIM LOGO