AustralienFamill erwëscht Schlaange beim "Schäferstündchen" an der Klimaanlag

RTL Lëtzebuerg
Duerch ee Lach an der Mauer konnten zwou Schlaangen an den Apparat geroden. Ee Schlaangefänkert konnt just eng nees erauskréien.
© Pixabay via Pexels

Am australesche Bundesstaat Queensland huet eng Famill net schlecht gestaunt, wou si zwou Schlaangen an hirer Klimaanlag entdeckt hunn, déi grad derbäi waren, sech fortzeplanzen. Ee professionelle Schlaangefänkert gouf ugestallt, d’Déieren aus der Klimaanlag ze huelen.

Et ass him allerdéngs just gelongen, eng vun deenen zwou brongen Nachtbaumnatteren ze fänken. Déi aner huet sech duerch ee Lach an der Mauer duerch d’Bascht gemaach. Brong Nachtbaumnattere gi ronn zwee Meter laang a si gëfteg, och wann hire Bëss net déidlech ass.

Et war net déi éischte Kéier, datt d’Famill ee Schlaangeproblem hat: “Mir ware schonn eng Kéier am Haus vun dëser Famill, well si eng brong Nachtbaumnatter an hirer Klimaanlag hat”, sot de Stu McKenzie vun der Firma “Sunshine Coast Snakecatchers 24/7" an engem Post op Facebook. Schlaange géinge sech net dacks a Klimaanlage verieren, mee wa se bis dra wieren, wier et schwéier, si nees erauszekréien. D’Lach an der Mauer gouf antëscht zou gemaach.

Back to Top
CIM LOGO