Schwäi gehatFierkel entkënnt dem Doud a gëtt Instagram-Star

RTL Lëtzebuerg
Als Fierkel ass d'Rosalie dem Doud nëmme knapp entkomm, wéi si beim Verluede fir d'Mascht d'Flucht ergraff huet.
© AFP (Archiv)

Sech am Bulli wänzelen oder einfach nëmmen am Stréi op der fauler Haut leien: Dat alles war am Liewe vum Maschtschwäin Rosalie net virgesinn - bis dass d’Fierkel geflücht ass an dem sécheren Doud esou entkomm ass. D’Landwirtin Maren Osterbuhr war dem Rosalie seng Rettung.

Et war am Februar 2019 wéi d’Maren Osterbuhr moies fréi an de Stall gaangen ass, fir hir Kéi ze sträichen. Hei huet déi 34 Joer Landwirtin tëscht de Kéi ee klengt Fierkel entdeckt. Bal erfruer a méi dout wéi lieweg wier dat kleng Déier gewiescht. Iwwert d’Nummer am Ouer huet d’Fra erausfonnt, datt d’Schwäi vun engem Bauer aus der Géigend ass. Dësen huet d’Déier aus hygienesche Grënn net méi dierfen zeréckhuelen, ma d’Maren Osterbuhr wollt d’Rosalie och net méi erausréckelen. Si huet dat klengt Fierkel dunn opgepäppelt a grouss gezunn.

Zanter knapp dräi Joer lieft d’Schwäin elo schonn um Bauerenhaff vum Maren Osterbuhr an Ostfriesland. “D’Rosalie soll hei al ginn däerfen - an zwar gesond”, sou déi jonk Landwirtin.

Wär d’Rosalie an d’Mascht komm, da wär et warscheinlech nëmme knapp sechs Méint al ginn. Haut weit d’Schwäi ronn 400 Kilogramm. Besonnesch gäre frësst d’Rosalie Banannen, Äerdbier, Tomaten an Zalot.

Mëttlerweil ass d’Rosalie net méi just ee Familljemember vun der Famill Osterbuhr, hatt ass och en Instagram-Star. D’Häerzer vun hire Follower op Instagram huet d’Schwäi ganz séier eruewert. D’Maren Osterbuhr huet scho laang hir ronn 15.000 Follower iwwert d’Liewen als Landwirtin informéiert. “Dunn ass d’Rosalie zum Libling ginn.” Mëttlerweil komme Leit aus ganz Däitschland un d’Nordseeküst, fir Vakanz ze maachen an dobäi och d’Rosalie besichen ze kënnen, sou nach d’Maren Osterbuhr.

Back to Top
CIM LOGO