Neie "Mataarbechter" bei RTL?De Max Feller & d'Museksmécher hunn am "Rock am Gaart" d'Fiels opgemëscht

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Content Creator Max Feller ass scho laang keen Eenzel-Entertainer méi. Mat senge Museksmécher huet hien en Dënschdeg den Owend e Gaart an der Fiels gerockt, an huet d'Geleeënheet genotzt, sech och emol als RTL-Presentateur ze probéieren.
© © E.Mentz

Mat der Energie vun engem Sportscommentateur huet de Max Feller op Instagram seng nei Emissioun "Summerlach" promouvéiert, an där hien dem Public en Abléck an d'Flora vun der Fiels ginn huet. Ob RTL d'Emissioun, déi de Max Feller mat engem "Augenzwinkern" fir säin Instagram-Kanal moderéiert huet, och opgräift, steet wuel nach an de Stären.

Ma eent ass sécher: mat hire Lidder "Lëtzebuerger Gangster" a "Pappentrick" hunn de Max Feller & d'Museksmécher d'Publikum wärend der Live-Emissioun "Rock am Gaart" gutt ënnerhalen. Hie war mat senger Band op Besuch am Gaart vum Patrick Barudio a sengem Partner Gregor Alonso, wou en Dënschdeg den Owend déi éischt Emissioun vun der Summer-Serie Rock am Gaart gedréint gouf.

D'Texter vum Max Feller & d'Museksmécher sinn - genee wéi säi Contenu an de Soziale Medien - en humoréise Portrait vum Liewen zu Lëtzebuerg.

Lauschtert hei an d'Concerten eran!

"De Pappen Trick" vum Max Feller & d'Museksmécher
D'Texter vum Max Feller & d'Museksmécher sinn - genee wéi säi Contenu an de Soziale Medien - en humoréise Portrait vum Liewen zu Lëtzebuerg.
"Lëtzebuerger Gangster" vum Max Feller & d'Museksmécher
D'Texter vum Max Feller & d'Museksmécher sinn - genee wéi säi Contenu an de Soziale Medien - en humoréise Portrait vum Liewen zu Lëtzebuerg.

Eenzegaarteg Owender mat Live-Bands an aussergewéinleche Privatgäert am Land: vum 28. Juli bis den 31. Juli stelle mir an der Serie "Rock am Gaart" eise Magazin-Studio a véier ausgewielte Gäert op, a sende vun do aus live, allkéiers direkt nom Journal op der Tëlee.

Déi ganz éischt Emissioun vu "Rock am Gaart" fannt Dir hei am Artikel:

Back to Top
CIM LOGO