Summermagazin: Rock am Gaart - Episod 1Englesche Flair an der Fiels

Rosa Clemente
An eiser neier Emissioun mellt sech eis Ekipp vum Magazin all Owend aus engem anere Gaart am Land - allkéiers mat engem Optrëtt vun enger Live-Band.
© RTL (Archiv)

Den Ufank maache mir an der Fiels, am English Garden vun der Famill Barudio-Alonso.

D'Konzept vun der Sendung ass ganz einfach: Mir hunn am Virfeld een Opruff gestart, an déi schéinste Gäert am Land gesicht, wourop sech vill Leit gemellt hunn. 4 Gäert hu mir ausgesicht, a vun do aus melle mir eis elo all Owend bis e Freideg am Summermag. Highlight ass awer, datt all Owend och eng Band an de Gaart kënnt, fir Live ze spillen a fir Stëmmung ze suergen. E Mëttwoch den Owend mellt sech dann d'Fabienne Zwally vun enger anerer Plaz, respektiv engem anere Gaart am Land.

RTL suergt am Summer fir eenzegaarteg Owender mat Live-Bands an aussergewéinleche Privatgäert am Land. E gefleegte Blummegaart, e schéine Weier, oder eng flott Grill-Plaz? Mir hunn am Virfeld via Opruff déi schéinste Gäert am Land gesicht. Vum 28. Juli bis den 31. Juli stelle mir eise Magazin-Studio a véier ausgewielte Gäert op, a sende vun do aus live, allkéiers direkt nom Journal op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO