2024 hat d’Privatschoul mat der Organisatioun vun dësem Projet ugefaangen, dee gesellschaftlech Stereotyppen a Form vu Konscht duerstellt, ënnert anerem an den Themeberäicher vu Social Media oder Gender. D’Endresultat gouf elo ausgestallt.
No 125 Joer als reng Meederchersschoul huet de Fieldgen seng Dieren och fir d’Jongen opgemaach, dëst war fir d’Rentrée 2017/18. Doraus koum d’Iddi vun engem Konschtprojet, deen ënnert anerem Gender-Stereotyppe sollt duerstellen.
Iwwert déi lescht zwee Joer gouf dëse Projet organiséiert, an Zesummenaarbecht mat Kënschtler vun der A.S.B.L. “D’Frënn vun der 9ter Konscht”. Awer konnten d’Schüler hir Iddie mat abauen, erkläert d’Natascha Becker, Proff am Fieldgen, déi d’Campagne mat organiséiert huet: “Dir kënnt elo doranner ganz fräi interpretéieren, wat dir wëllt, är Iddie mat abannen. Dir kënnt kritesch sinn, dir kënnt awer och soen: ‘ech fannen dat do super’. Dat heescht, dee Moment ware si am Moment fräi an der Gestaltung, Faarf, si konnte Männercher dobäi setzen, si konnten och Texter bäisetzen, wou mir vläicht soen, dat hätt ech elo net esou formuléiert. Mee si haten all Oppenheet, déi si wollten hunn.”
Et wier wichteg, de Kanner Klischeeën nozebréngen, well virun allem Teenager domat konfrontéiert wieren, a Sensibiliséierung fir si wichteg wier.