
An den USA sinn erëm Millioune Mënschen géint d’Regierung vum President Donald Trump op d’Strooss gaangen. Den Organisateuren no hunn um drëtten nationalen Aktiounsdag ënnert dem Motto “No Kings” an alle 50 Bundesstaaten op d’mannst aacht Millioune Leit u méi wéi 3.300 Manifestatioune matgemaach. Et ass domat dee bis ewell gréissten Aktiounsdag zanter dem Ufank vum Trump senger zweeter Mandatsperiod. Konkret protestéieren d’Participanten géint déi, wéi d’Organisateure soen, ëmmer méi autoritär Haltung vum President Trump. Amerika wier eng Demokratie, hätt deemno keng Kinneken, a misst sech un demokratesch Valeure wéi Pressefräiheet halen.
Zu Minnesota, wou d’Virgoe vun de Bundesautoritéiten géint Migranten d’Land opgerëselt hat, sinn eng Rei grouss Demonstratiounen ofgehale ginn. Do huet de Bernie Sanders de President schaarf kritiséiert an him virgeworf, d’Rechtsstaatlechkeet ze ënnergruewen. Zu St. Paul huet de Museker Bruce Springsteen virun Zéngdausende säi Protestsong “Streets of Minneapolis” gespillt – geschriwwen nom Doud vun zwee Demonstranten, déi vu Beamten erschoss gi waren.
Och an anere Groussstied war de Mobilisatiounsniveau héich: Zu New York hu sech zéngdausende Leit versammelt, dorënner de Schauspiller Robert De Niro. Zu Atlanta a Washington gouf mat Plakater a Banneren virun enger Gefor fir d’Demokratie gewarnt.
D’Demonstratioune kruten zousätzlechen Zoulaf wéinst der Onzefriddenheet iwwer de Krich géint den Iran, deen d’USA zesumme mat Israel virun engem Mount gestart hat. Kritiker reprochéieren der Regierung zousätzlech en exzessive Gebrauch vu Presidialdekreten an den Asaz vun der Justiz géint politesch Géigner.
Op Plakater war ënnert anerem ze liesen, dass souwuel den Donald Trump, grad ewéi d’Pam Bondi, den JD Vance, oder nach de Kash Patel misste verhaft ginn, fir just déi ze nennen.
Protester goufen och ausserhalb vun den USA gemellt, ënnert anerem zu Hamburg, Berlin, Frankfurt, München, Amsterdam, Madrid a Roum.