Streck gouf gespaartFrontalkollisioun tëscht Stafelter an Helsem - dräi Persoune verwonnt

Andy Brücker
Schroen Accident e Sonndeg de Moie kuerz no 10 Auer um CR125.
© Domingos Oliveira

Géint 10.10 Auer sinn op der Streck tëscht dem Stafelter an Helsem zwee Autoe frontal anenee gerannt*. Wéi de CGDIS schreift, goufen 3 Persoune bei deem Accident verwonnt. Eng Persoun huet mussen aus dem Auto erausgeschnidde ginn.

D’Streck huet musse komplett fir den Trafic gespaart ginn.

Am Asaz waren de Stater SAMU, d’Pompjeeë vun Nidderaanwen-Schëtter a Lëntgen-Luerenzweiler, grad ewéi Ambulanze vu Jonglënster, der Stad a vu Miersch.

*Am Bulletin vum CGDIS stoung den Accident wier um CR126 geschitt, e war awer um CR125.

Weider Accidenter

E Sonndeg de Moie fréi, géint 5.35 Auer, ass an der Stad um Pont Jean-Pierre Buchler en Auto an eng Mauer gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren op der Plaz.

Kuerz viru 6 Auer ass an der Escher Strooss an der Stad en Auto bäigaangen. D’Rettungsdéngschter aus der Stad an de Stater SAMU waren op d’Plaz geruff ginn. Am Bulletin vum CGDIS steet ze liesen, et wier kee blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO