
Et ass eng Première an der Lëtzebuerger Politik
Et ass eng Première an der Lëtzebuerger Politik: D’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue ass déi éischt Ministesch zu Lëtzebuerg, déi wärend hirem Mandat ee Kand kritt. De Puppelche soll am August op d’Welt kommen. Der Elisabeth Margue hir Schwangerschaft ass awer net just eng perséinlech Nouvelle: Et stelle sech nämlech och eng Rei Froe ronderëm de Congé de maternité an engem Ministeramt an am Allgemengen, iwwer d’Gläichberechtegung an der Politik.
Als Minister huet ee kee Statut als Salarié, Independant oder Léiermeedchen, deemno ginn et keng konkret Reegelen wéi vill Congé de maternité eng Ministesch ze gutt huet, well de Ministeschposten e Mandat ass. Ma och an der Chamber ass kee gesetzleche Kader virgesinn, dat wiere Froen déi ee sech misst stellen, esou d’Elisabeth Margue.
“Beim Minister speziell do ass et méi d’Fro vum Statut vum Minister, deen u sech net wierklech an deem Sënn vill Reegele beinhalt. Dat sinn Diskussiounen, déi ee muss féieren, fir kënnen och eng Kéier méi Fraen ze beweegen, op dee Wee ze goen. Mee ech soe mer, et geet och scho mol un domadder, datt een et einfach och selwer probéiert a weist, datt et awer ka méiglech sinn.”
Stéchwuert méi Fraen an der Politik: Dës sinn nach ëmmer a politesche Féierungspositiounen ënnerrepresentéiert. Ee méi klore Kader wier sécher eng Pist, fir méi Fraen dëse Wee opzezeechnen. E puer Beispiller aus dem Ausland hunn et virgemaach: Déi fréier Neiséilännesch Premierministesch Jacinda Ardern oder och déi däitsch Bauteministesch Verena Hubertz sinn am Amt Mamm ginn. Fir d’Elisabeth Margue sinn esou Beispiller wichteg, fir ze weisen, datt Famill a Politesch Carrière méiglech sinn.
“Fir mech ass et wichteg, dass et méiglech ass. A wa mer net zu puer iergendwann eng Kéier op dee Wee ginn, da gëtt et och net iergendwann eng Kéier natierlech. An ech muss soen, wéi gesot, déi Beispiller ronderëm, déi encouragéieren een. An och awer de Support, deen een och kritt, souwuel vun den Aarbechtskolleege wéi doheem, dat awer ze maachen.”
Ee Kand verlaangt vill Organisatioun, an dat ëmsou méi an engem Minister-Amt. Ma och ouni gereegelte Congé de maternité wäert sech d’Justizministesch e puer Wochen ëm d’Gebuert eraus huelen.
“Ech wäert sécherlech e puer Wochen dann eeben och eng Délegation de signature ginn. D’Kand soll jo och am August op d’Welt kommen. Dat heescht, déi Woche wäert ech net hei sinn. Fir de Rescht ass et awer esou, datt ee jo Gott sei Dank och mëttlerweil ganz vill och kann iwwer Telefon maachen, och vun doheem aus.”
D’Elisabeth Margue hätt vum Premier an de Regierungskolleegen dann och an dësem Punkt eng grouss Ënnerstëtzung kritt.