Autopsie ordonéiertEng Persoun vu 54 Joer huet eng Messerattack e Samschdeg de Mëtteg zu Esch net iwwerlieft

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem déidleche Virfall an der Escher Rue de Mâcon enquêtéiert d'Police judiciaire.
© Domingos Oliveira

Zu Esch an der Rue Mâcon ass e Samschdeg am fréien Nomëtteg e Mann vu 54 Joer fonnt ginn, dee schwéier blesséiert war an nach op der Plaz gestuerwen ass.

D’Police hat e Samschdeg matgedeelt, datt et en déidlechen Tëschefall gouf, ouni Detailer ze nennen.

De Presseservice vun der Justiz huet e Sonndeg am fréien Nomëtteg kommunizéiert a schreift, datt et e Sträit tëschent zwou Persoune gouf an d’Affer mat engem Messer soll ugegraff gi sinn. En Zeien hat d’Police geruff.

Déi konnt de presuméierten Täter op der Plaz erwëschen. Et handelt sech ëm eng Persoun vun 42 Joer. Si koum e Samschdeg an Untersuchungshaft an hat e Sonndeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter. Dësen huet decidéiert, datt déi betraffe Persoun am Prisong bleift.

Dem presuméierten Täter gëtt ënnert anerem Mord, Doudschlag respektiv fräiwëlleg Kierperverletzung mat déidleche Suitte virgehäit. Donieft Verstéiss géint d’Waffen- a Munitiounsgesetz.

De Parquet huet eng Autopsie gefrot, fir déi genee Doudesursaach ze klären.

D’Enquête leeft nach an de Parquet erënnert un d’Presomption d’innocence.

Communiqué de presse du parquet de Luxembourg : décès d’une personne – ouverture d’une information judiciaire
Schreiwes vum Presseservice vun der Justiz

Back to Top
CIM LOGO