Neie "Staupe"-Virus am ËmlafFuerscher warne virun Iwwerdroung vun Hond op Mënsch

RTL Lëtzebuerg
En Hond, deen aus enger Hondsfleesch-Farm a Korea gerett gouf, ass a Kanada kuerz drop gestuerwen. Beim Déier gouf de scho bekannten Asia 1-Virus entdeckt.
© HO / CDC / AFP

Wëssenschaftler op der Universitéit zu Seoul ginn dovunner aus, dass e komplett neie Virus vun Déier op Mënsch kéint iwwergoen. Dobäi handelt et sech ëm eng Kombinatioun aus Honds- a Schwéngsgripp, ma de Virus ass awer schlussendlech bei Hënn entstanen.

De Virus kéint extrem einfach op Mënschen iwwersprangen an sech och séier verbreeden. Eng ähnlech Kontaminatioun-Gefor besteet och zum Beispill bei Tollwut, Bandwierm oder Krätz.

Symptomer, déi ee kritt, wann ee sech mam Virus ustécht, sinn Otemproblemer, Houscht, Appetitlosegkeet a Middegkeet.

Well Mënschen dacks a Kontakt mat Hënn sinn, fäert een elo eng gréisser Gefor fir de Mënsch. Bis ewell ass gewosst, dass de Virus wuel aus dem koreanesche Raum kënnt. En Hond, deen vun enger Hondsfleesch-Farm a Korea gerett an a Kanada geflu gouf, ass e puer Deeg nodeems en ukomm war, u senger Kränkt gestuerwen.

Nodeems den Hond medizinesch ënnersicht gouf, gouf dunn vunn de kanadeschen Autoritéiten festgestallt, dass den Hond e Virus an sech hat, dee vun der Struktur extrem dem sougenannten “Asia 1-Virus” gläicht. Am Däitsche gëtt d’Kränkt och nach als “Staupe-Virus” bezeechent, ma well et awer eng mutéiert Form aus dem asiatesche Raum ass, sinn d’Auswierkungen op de Mënsch zu dësem Zäitpunkt net anzeschätzen.

A wéi wäit an op de Virus sech iwwerhaapt a Canada oder den USA ausgebreet huet, ass net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO