
Wéi den US-Sender Fox News en Dënschdeg mellt, wieren am Kapitol e puer Leit vun engem Fuuss ugegraff oder gebass ginn. Kuerz dorop konnt dat wëllt Déier agefaange ginn.
“Ech hat hien net gesinn a plëtzlech hunn ech gespuert, wéi eppes op d’Récksäit vu mengem Bee gestierzt ass”, huet den Demokrat Ami Bera der Noriichtesäit “Punchbowl News” erzielt.
De 57 Joer ale Mann gouf zwar net verwonnt, ma hätt sech sécherheetshallwer awer géint Tollwut impfe gelooss. Weider huet de Kongressdeputéierte gesot, datt hien op Attacke virbereet wier, wann hien zum Beispill e Rendez-vous beim konservativen TV-Sender Fox News hätt, ma mat enger Fuuss-Attack am Parlamentssëtz hat hien net gerechent.
Bannent de leschten Deeg hat de Fuuss schonn op sech opmierksam gemaach, wéi hien d’Ëmgéigend vum Kapitol onsécher gemaach huet. Eng Partie Politiker a Journalisten aus Washington hu Fotoe vum Déier op hire Profiller gepost. Op engem Bild ass hie beim Friesse vun engem Kaweechelchen ze gesinn, op engem anere gouf hien dobäi ofgeliicht, wéi hien d’Sonn am Gaart vum Senat genoss huet.
An Zukunft muss sech de Fuuss wuel en neit Revéier sichen. Hie gouf vun Déiereschutz-Autoritéiten agefaangen.
