Eleng op enger verloossener Insel, ee Gedanken dee scho muncher ee vun eis sécherlech hat...

Fir alleguer déi, déi sech elo ugesprach fillen, huet Nintendo elo eng passend Äntwert geliwwert. Den 20.03.2020 ass den neien Ofleeër vun der weltwäit beléifter Simulationsgamm fir hir Konsol, d’Nintendo Switch, rauskomm.

Et ass schonn dat 5. Animal Crossing Spill, dat Nintendo op de Maart bréngt. Dobäi ass de Spillprinzip relativ simpel. Et iwwerhëlt een d‘Kontroll iwwert en Avatar, deen an en neit Duerf plënnert, dat vun Déiere bewunnt gëtt. Do geet een dann den alldeeglechen Aktivitéiten no. Et schwätzt ee mat sengen Noperen, geet fëschen oder Käffere fänken, villäicht awer och an de Musée  e Kaffi drénken oder awer Miwwel kafen,  fir seng Wunneng ze verschéineren.

Mat dësem Spillprinzip brécht Nintendo elo deelweis. An Animal Crossing: New Horizons zitt et den Avatar op eng nach onbewunnten Insel. Dës gëlt et z'urbaniséieren, sief et andeems een néi Awunner op seng Insel lackelt, mat Hëllef vu selwer gebautem  Handwierksgeschier, nei Gebaier erbaut oder awer Blummen an Uebst esou uplanzt, wéi et engem gefält.

Dës Kéier huet Nintendo en Tool agebaut,  mat deem ee esouguer de physeschen Aspekt vun der Insel verännere kann, dat heescht et kann ee fir d’éischt Kéier an der Geschicht vun Animal Crossing Waasserleef a Landschafte veränneren. Dir gesitt, et gëtt vill  Saachen ze maachen a Spiller kënnen hir Insel ganz individuell ouni grouss Aschränkunge vum Spill entdecken a veränneren. Fir all Fuerscher ënnert eis ass et en optimaalt Spill.

Mä fir wat erfreet sech déi Spillerei un esou enger grousser Fan-Community (Animal Crossing huet sech net ëmsoss weltwäit scho ronn 29 Millioune mol verkaaft). D'Spill eegent sech perfekt fir vum Alldag ofzeschalten. Et kann ee sech seng eege Welt opbauen, seng Wunneng esou ariichte wéi ee well a virun allem léisst d'Spill engem Tonnen un Méiglechkeeten sech z'amüséieren. Doriwwer eraus fënnt een am Spill divers Feierdeeg, déi et och am richtege Liewe gëtt: esou kann een op Silvester mat sengen Noperen et richteg knuppe loossen oder op Ouschteren op d’Sich no Ouschtereeër goen. D’Spill bitt also d’Méiglechkeet an eng Welt, wäit ewech vu Problemer, wéi dem Corona-Virus, dem Klimawandel, Krich a Krankheeten, anzedauchen.

Ausserdeem hu Fans scho missen iwwer 7 Joer op en Nofollger waarden. Deementspriechend ass den Hype em d’Spill risegrouss. Dorop sinn och divers aner Entreprisen opgesprongen a verkafe beispillsweis Gedrénks oder eng Aart Ü-Ee mat klengen Animal Crossing Figuren dran eraus. Och fir verléifte Koppelen, déi Fan vun Animal Crossing sinn, gouf virgesuergt. Si kënnen sech selwer am Animal Crossing Design als Deko fir op den Hochzäitskuch nomaache loossen.

E Spill voller Méiglechkeete mat enger riseger Fanbase. Animal Crossing: New Horizons, ass zënter dem 20. Mäerz am Handel ze kréien.