Wie schonn deemools gären op der Nintendo 64 Pokémon fotograféiert huet, deen dierft sech wuel op dëst Spill freeën.

New Pokémon Snap nennt dat Ganzt sech a soll zu engem nach net genannten Zäitpunkt erauskommen. D'Spill orientéiert sech kloer u sengem Virgänger, e Spill, dat 1999 fir d'Nintendo 64 erauskomm ass an zënterhier eng enorm Fan-Community generéiert huet.

Genee sou wéi deemools, muss een och dës Kéier nees op Safari goen a mat sengem Fotoapparat Pokémon virun d'Lëns kréien.

D'Unzuel u Pokémon dierf dann an dësem Spill och vill méi grouss sinn, wéi deemools, well jo zënterhier eng ganz Partie un neie Generatioune bäikomm sinn.

Och wann et nach keen Datum fir de Release gëtt, soll d'Spill awer "geschwënn" erauskommen.